Chemins de fer à voie étroite de l'État

fréier lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft


D'Chemins de fer à voie étroite de l'État (CVE) (iwwersat Staatlech Schmuelspuereisebunnen) ass eng fréier lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft, déi vun 1934 bis 1942 bestanen huet.

Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Chemins de fer à voie étroite de l'État
(CVE)
Grënnungsdatum 19.04.1934
Schlussdatum 1942
Sëtz 84 Route de Thionville, Lëtzebuerg[1]
Branche Eisebunnsmarché

Geschicht

änneren

D'CVE ass 1934 entstane wéi d'Kantonal-, Sekundär- a Vizinalbunnen zesummegeluecht goufen an de Staat d'Exploitatioun dovun iwwerholl huet[2]. Déi dräi Gesellschaften déi bis dohi bestanen hunn: d'Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois (CC), d'Chemins de fer vicinaux (CV) an d'Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois (CSL) hunn deemno zur neier Gesellschaft fusionéiert.

D'CVE ass opgeléist gi wéi d'Besatzungsmuecht am Zweete Weltkrich der Reichsbahn d'Exploitatioun vum lëtzebuergeschen Eisebunnsreseau iwwerdroen huet. Nom Krich ass d'Exploitatioun an d'Hänn vun der CFL gefall.

Reseau a Rullmaterial

änneren

D'CVE huet all Schmuelspuerstrecken am Land bedriwwen, mat Ausnam vun der Streck Grondhaff-Beefort déi vun der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, (PH), exploitéiert gouf.

D'Gesellschaft hat mat der Fusioun och d'Rullmaterial vun den anere Gesellschaften iwwerholl.

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. (fr)Pub. 13 Page 8. In: Luxemburger Wort, 1934. Jg., nº 178, S. 8.. Luxemburger Wort (28.06.1934). Gekuckt de(n) 20.03.2023.
  2. (fr)Loi du 14 avril 1934 concernant la reprise et l'exploitation par l'Etat des chemins de fer secondaires et vicinaux. legilux.public.lu (14.04.1934). Gekuckt de(n) 20.03.2023.