Vëlospist PC23

Itinéraire cyclable Benni
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Vëlospist PC23, och nach Bennispist, offiziell Itinéraire cyclable Benni, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1]. Se ass no der SchmuelspuerstreckBenni“ genannt, déi fréier (1889 - 1948) vun Dikrech op Veiane gefuer ass.

Vëlospist PC23
offiziellen Numm Itinéraire cyclable Benni
Lëtzebuerger Numm Bennispist
vu(n) Bleesbréck
op Bëttel
Land Lëtzebuerg


Streck änneren

Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC23 vun der Bleesbréck op Bëttel. Se féiert da laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Bleesbréck, Selz, Tandel a Furen.

Zanter 2005 besteet just den 2 km laangen Deel vu Bëttel op Furen[2]. Den déifste Punkt (235,65 m) ass zu Bëttel (Gronn) an den héchsten (284,11 m) zu Furen (Fäeschent)[3].

Uschlëss un aner Pisten änneren

D'Bennispist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

geplangt:

Bemierkungen änneren

Den Deel vun der Bennispist vu Furen bis op d'Bleesbréck konnt nach net realiséiert ginn, well verschidde Proprietäre sech striewen Deeler vun hiren Terrainen dem Staat ze verkafen[4],[5].

Wann d'Streck bis fäerdeg ass, soll se och duerch de fréiere Furener Eisebunnstunnel féieren, deen 1948 zou gemaacht gouf[4].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist PC23 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt de 16. Juni 2019
  3. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn
  4. 4,0 4,1 4,2 Nico Muller, Viele Mühen, wenig Vorankommen am Luxemburger Wort vum 3. August 2019 S. 30
  5. Nico Muller, Blockierte Pisten am Luxemburger Wort vum 24. Abrëll 2020 S. 30