Benzol
Benzol | |
---|---|
![]() | |
Systemateschen Numm (IUPAC) | Benzol |
Trivialen Numm | Benzen, Cyclohexen |
Cheemesch Formel | C6H6 |
Ausgesinn / Geroch | faarflos Flëssegkeet mat charakteristeschem Geroch |
Eegenschaften | |
Dicht | 0,88nbsp;g/cm3 |
Léislechkeet | 1.8nbsp;g/l bei 15 °C (am Waasser) |
Molmass | 78,11 g/mol |
Schmëlzpunkt | 5,4 °C |
Kachpunkt | 80 °C |
Dampdrock | 100nbsp;hPa (20nbsp;°C) |
Thermodynamesch Daten | |
Weideres | |
Änlech Moleküllen | Phenol, Naphtalin |
Cheemeesch Famill | {{{Cheemeesch Famill}}} |
Benzol oder Cyclohexen (fr.: benzène) ass en ongesiedegten, rankfërmege Kuelewaasserstoff mat dräi duebele Bindungen an ass de Basisprodukt vun den aromatesche Verbindungen.
Physikalesch Eegenschaften änneren
Benzol ass eng flüchteg, duerchsiichteg a beweeglech Flëssegkeet mat engem aromatesche Geroch. En ass léislech am Alkohol an am Ether, mä net am Waasser an e brécht d'Liicht.
Cheemesch Eegenschaften änneren
Verbrennung änneren
Benzol ass liicht entzündlech a seng Dämp forméiere mat Sauerstoff gemëscht en explosiivt Gasgemësch.
Oxydatioun änneren
Benzol gëtt net vun de gewéinlechen Oxydante KMnO4 oder K2Cr2O7 ugegraff. Mä mat vill Hëtzt an engem Katalysator reagéiert de Benzol mam Sauerstoff a verwandelt sech a Phenol.
Substitutioun änneren
Mam Chlor forméiert Benzol eng ganz Rëtsch vu stabille, chloréierte Produiten: C6H5Cl,
C6H4Cl2, C6H3Cl3, C6H2Cl4, C6HCl5, C6Cl6
Déi Reaktioune gi mat Iod katalyséiert.
Additioun änneren
Mat Liicht reagéiert Benzol mam Chlor a verwandelt sech an Hexachlorocyclohexan, deen awer net stabil ass. Aneschters wéi bei der Substitutioun ginn hei déi dräi duebel Liaisounen zerstéiert an all H-Atom gëtt duerch e Cl-Atom ersat.
Hierstellung änneren
Benzol gëtt duerch Distillatioun vum Godrong hiergestallt an aus dem Pëtrol extrahéiert. De franséische Cheemiker Marcellin Berthelot huet et fäerdegbruecht duerch d'Hëtze vun Acetylen ënner Drock a mat Hëllef vu Katalysatore Benzol ze produzéieren.
Uwendung änneren
Benzol ass e Léisungsmëttel fir ganz vill cheemesch Produite wéi zum Beispill Iod, Schwiefel a Phosphor. Donieft gëtt e nach geholl fir Kautschuk a Fetter opzeléisen. E soll a loftdichte Behältere gelagert ginn.
Um Spaweck änneren
Commons: Benzene – Biller, Videoen oder Audiodateien |