Traité vun de Pyrenäen
Den Traité vun de Pyrenäen ass e Friddenstraité (dofir och: Pyrenäefridden), deen tëscht Spuenien a Frankräich de 7. November 1659 op der Fasaneninsel, am Floss Bidasoa, deen d'Grenz mécht, ënnerschriwwe gouf. Domat ass dem Franséisch-Spuenesche Krich, deen den Drëssegjärege Krich (1618-1648) souzesoen ëm eelef Joer verlängert hat, en Enn gemaach ginn.
Ëm wat goung et?
ännerenD'Pyrenäen ginn d'Grenz tëscht deenen 2 Länner. Dat war laang net de Fall, ë. a. wéinst dem Kinnekräich Navarra.
Frankräich hëlt sech de Roussillon an d'Pyrénées-Orientales. Am Norden, an de Spueneschen Nidderlande, kritt Frankräich d'Grofschaft Artois (ausser Aire a Saint-Omer), d'flämesch Festunge vu Grevelingen a Saint-Venant, am Hainaut déi vun Avesnes, Landrecies a Le Quesnoy, an op Käschte vum Herzogtum Lëtzebuerg d'Uertschafte, respektiv Festunge vun Damvillers, Montmédy, Carignan (fréier Ivoix[1], Yvoy, Ivoy[2] oder Yvois) an Diddenuewen.
Am Géigenzuch erreecht Spuenien, datt Frankräich ophält, Portugal virun z'ënnerstëtzen. De Charles IV. vu Loutrengen, de Spuenier hiren Alliéierten, kritt seng Lännereien zeréck (bis op de Barrois).
Eng Klausel vum Traité ass d'Bestietnes vum Kinnek Louis XIV. mat der Infantin vu Spuenien, der Maria Theresia vun Éisträich, der eelsten Duechter vum Kinnek Felipe IV. an Niess vun der Anne vun Éisträich. Si verzicht op all Uspréch op d'spuenesch Kroun, a léisst sech dëse Verzicht mat enger Dott vu 500.000 Gold-écue verséissen, déi awer ni ausbezuelt goufen.
Auswierkungen
ännerenDen Traité vun de Pyrenäen ass de leschten diplomateschen Akt, dee vum Mazarin ausgeschafft gi war. De Louis XIV. profitéiert domat vun enger bemierkenswäerter Stabilitéit a vun engem diplomatesche Virdeel. Frankräich gëtt eng europäesch Groussmuecht, an d'Bourbone kréien d'Iwwerhand iwwer d'Habsburger.
Fir Lëtzebuerg war d'Folleg, datt déi Gebidder vum deemolegen Herzogtum, déi südlech vun der haiteger Grenz mat Frankräich louchen, wéi Diddenuewen, Montmédy, Damvillers, Roudemaacher, Vogtei Yvoi, Chauvency-le-Château, Avioth a Marville mat alles wat derzougehéiert huet, definitiv ofgetruede goufen. Verschiddentlech gëtt dat als e Verloscht fir Lëtzebuerg duergestallt, mä et däerf ee spekuléieren, wat mat Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert geschitt wier, wann déi grouss Minettslageren déi do waren (an am 17. Joerhonnert onbekannt waren), net zu Loutrengen, mä zu Lëtzebuerg gehéiert hätten.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ A. Laret, Christian Dupont, À propos des comtés post-carolingiens : les exemples d'Ivoix et de Bastogne. Revue belge de Philologie et d'Histoire, tome 57, fasc. 4 805–823 (1979). Gekuckt de(n) 16.02.2022.
- ↑ YVOY, ou IVOY - Wikisource. L'Encyclopédie/1re édition/. fr.wikisource.org. Gekuckt de(n) 16.02.2022.