Humanismus
Humanismus ass ee Begrëff, dee fir eng nei Weltanschauung steet, déi sech fir d'éischt op der italescher Hallefinsel um Enn vum Mëttelalter manifestéiert huet, ier se sech an aner Géigenden a Länner vun Europa verbreet huet. Den Humanismus ass net vun der Renaissance ze trennen, an där d'Wäerter an d'Leeschtunge vun der griichesch-réimescher Antiquitéit (Philosophie, Wëssenschaft, Geschicht, Literatur...) als nei Inspiratiounsquellen oder als Modeller rëmentdeckt goufen. D'Enn vum Mëttelalter an d'Renaissance falen net zoufälleg mat de grousse geographeschen Entdeckungen zesummen (vgl. Christoph Kolumbus, Amerigo Vespucci, Fernao de Magalhaes...).
De Begrëff 'Humanismus' bedeit, datt de Mënsch op alle Pläng eng méi zentral Bedeitung an den Iwwerleeunge kritt, an net méi Gott oder d'Liewen nom Doud, wat awer net heescht, datt d'Relioun oder de Glawe komplett vernoléissegt ginn. D'Kierch gëtt och als eng mënschlech Institutioun betruecht, an als sollech der Kritik ënnerworf: hire Message, hir Dogmen, hire Muechtusproch..., dat alles gëtt vun Theologen a besonnesch vu Philosophe grëndlech ënner d'Lupp geholl an deelweis widderluecht. Reformgedanke kommen duerch Reformateure wéi Martin Luther, Jean Calvin etc. op an dat fräit Denken (Libre pensée) entwéckelt sech (vgl. Giordano Bruno), en neit politescht Denke bléit op (vgl. Niccolo Machiavelli, Grotius...). Déi intellektuell Beweegung bréngt mat sech, datt eng nei Konscht (Architektur, Molerei, Skulptur), déi méi op de Mënsch zougeschnidden ass, opbléit, an datt och d'Wëssenschaft (Astronomie, Anatomie, asw.) nieft der Philosophie en neien, decisiven Ulaf kann huelen (vgl. Nikolaus Kopernikus, Galileo Galilei, André Vésale...). D'Klassik an de Rationalismus kënnege sech un...
Den Humanismus huet mat der Zäit verschidde Gesiichter entwéckelt. Nieft dem chrëschtlechen Humanismus, dee bis haut weiderlieft (vgl. Jean Guitton, Pierre Frieden...), gëtt et nach déi verschidde Forme vu fräiem Denken an den Atheismus.