Kapell Dondel
D'Kapell vun Dondel ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Kielen gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kapell vun Dondel (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Dondel | |||
Par | Mamerdall Saint-Christophe | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Haupert | |||
Koordinaten | 49° 41’ 16.4’’ N 06° 01’ 49.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Si ass dem hellegen Haupert geweit an huet Illustratioune vu Bëschdéieren an de Fënsteren.
Si steet op der Kräizung vun der Millestrooss (rue du Moulin) mat der Lëtzebuerger Strooss, der N12. Nieft der Kapell leeft d'Dondeler Baach laanscht.
Geschicht
ännerenIwwer der Dier steet d'Joreszuel "C1827M", et gëtt awer geschat datt se méi al ass.[1]
Se ass rezent (2012-2013) renovéiert ginn. De 26. Juni 2013 gouf déi renovéiert Kapell vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich nei ageseent.
Bannenariichtung
ännerenD'Fënstere sinn ëm 1958 vum Diddelenger Kënschtler Frantz Kinnen entworf ginn. An der Kapell sinn aacht Statuen, déi deelweis aus dem 18. Joerhonnert stamen, a vun der Kënschtlerin Tilly Hoffelt restauréiert goufen. Dobäi gouf déi al Faarf aus den 1950er Joren ewech gemaach an d'Statue sinn elo nees wéi am Originalzoustand.
|
|
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kapell Dondel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Luxemburger Wort (Nadia Rafalski), vum 28. Juni 2013, S. 28: Ein kleines Schmuckstück