De Rock un der Atert (kuerz RUDA) war e lëtzebuergesche Museksfestival zu Réiden op der Atert, deen tëscht 2015 an 2019 all Joer am Summer organiséiert gouf.

D'Initiativ koum vun dräi Studenten aus der Réidener Musek.[1] Si haten d'Iddi 2013, ënner anerem well de Café-Restaurant "L'inouï" zu Réiden, an deem vill Concerte waren, seng Dieren zougemaach hat, a se dem Duerf eng aner Geleeënheet wollte bidden, fir Livemusek kënnen ze lauschteren.[2] Déi éischt Editioun war 2015.[3] Et war e relativ klenge Festival mat nëmmen enger Bün bei der Réidener Kierch. 2017 war Plaz fir maximal 1.500 Leit.[4] Organiséiert gouf de Festival vun engem Comité, mat Ënnerstëtzung vun der Réidener Musek.

Et si gréisstendeels lëtzebuergesch Gruppen opgetrueden.

Wéinst schlechtem Wieder huet de Rock un der Atert 2017 mussen ofgebrach ginn.[5][6]

Editioun Datum Line-Up Quell
1 27. Juni 2015 The Skyscrapers, All Reitz Reserved, Vintage Gigolos, Serge Tonnar & Legotrip, an DJ DnB [7]
2 4. Juni 2016 Tuys, Tëschegas, Birdbones, Redhills, Fox, The Disliked an d'Toxkäpp! [8]
3 4. Juni 2017 Trappers, Kevin Heinen Band, District 7, The Tame and the Wild, Austinn an De Läb [9]
4 9. Juni 2018 Opgetrueden: Radio Station, De Pascal vu Wooltz, Klappstuhl, Lischkapelle (DE) | Ofgesot: Dream Catcher, Elysian Gates, Reaven (FR), Los Dueños, Diario [6],[10]
5 26. Juli 2019 The Velvet, Bye Bye Bay, Elysian Gates, Dream Catcher, Reaven (FR), Rubbeldiekatz (DE), The Disliked, Mallows, De Pascal vu Wooltz [3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Ardenner & lokal Express, Nummer 185, Juli 2019, Säit 1 an 10
  2. podcast.ara.lu: 2017-05-25 Rock un der Atert
  3. 3,0 3,1 eldo.lu: Rock un der Atert @ Réiden (2019)
  4. eldo.lu: "Rock un der Atert" - Festival (2017)
  5. rtl.lu: Süde vum Land um Sonndeg den Owend méi uerg vu Wiedere betraff (11. Juni 2018)
  6. 6,0 6,1 rtl.lu: Rock un der Atert (9.6.2018)
  7. Kropemann-Info, Nummer 161, Juni 2015, Säit 22
  8. Kropemann-Info, Nummer 174, Juli 2016, Säit 14
  9. Archive copy Archivéiert op 2022-07-13. Gekuckt de(n) 2022-07-13.
  10. eldo.lu: Rock un der Atert @ Réiden (2018)