An der Musekindustrie beschreift e Release (engl. fir "Verëffentlechung" oder "Fräiloossung") all Output ("Ausstouss") vun engem Kënschtler oder enger Grupp, deen an de Musekverkaf oder an d'Distributioun geet. Et ass e wäitleefege Begrëff, deen all déi verschidde Formater a Formen, an deene Musek ka verëffentlecht ginn, ëmfaasst.

E Release (och nach Releaseparty) kann awer och d'Evenement sinn, mat deem d'Éischtverëffentlechung vun engem Museksalbum oder enger EP, oder méi rar och vun enger Single oder engem Museksvideo, gefeiert gëtt. Meescht gëtt den Interpret oder d'Grupp e Concert op deem Lidder presentéiert ginn, déi op deem Wierk ze fanne sinn. E kann dobäi och vu Gaaschtmuseker oder -gruppen ënnerstëtzt ginn. Heiansdo ass am Entréespräis och eng CD (oder en anert Format) vum Wierk matabegraff.