Den Charel Stoltz, och nach Charles Stoltz,[1] ass e lëtzebuergesche Museker, Touningenieur a Museksproduzent. Hie produzéiert haaptsächlech Rockmusek.

Hie war Gittarist an de Bands Holy National Victims a Mad Fox.

Biographie änneren

De Charel Stolz, deem säi Papp Museker ass, huet als Kand Piano a Gittar geléiert. Hien ass net op de Conservatoire gaange mä huet 2005 seng Première an der Musekssektioun am Stater Athénée gemaach a spéider zu London an Amsterdam Tountechnik studéiert.[2][3][4]

1999 huet hien d'Band Holy National Victims matgegrënnt, mat där hien d'Album International Vegetable Meeting (2002) an Take This Ride or You Will Never Know (2006) verëffentlecht huet.[5]

Hien huet 2004 fir d'éischt e Wierk fir eng aner Band produzéiert. Dat war Silly vu Myein, duerno och nach Nobody Cares, Nobody Changes vun Extinct, Death Inside vu Rise Up, a vill anerer. Hien hat deemools e Studio an der Stad.[4]

2009 huet hie mam Jacques Hoffmann de Museksstudio Holtz Sound zu Tënten gegrënnt. Zënterhier hëlt hie Musek op a produzéiert Musek. Zu de lëtzebuergesche Gruppen a Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, zielen ënner anerem Versus You, Medley Jukebox, Angel at My Table, Mount Stealth, Everwaiting Serenade, Daniel Balthasar, Tuys, Hal Flavin, Kitshickers, Porn Queen, Tommek, Cyclorama, The Disliked, an de Pol Belardi.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. sonicvisions.lu: Kuerzbiographie
  2. revue.lu: Leidenschaft Musik vum Françoise Stoll (net datéiert)
  3. handsup.lu: Un métier méconnu - Charles Stoltz, ingénieur du son (16. Mäerz 2018)
  4. 4,0 4,1 woxx.lu: MUSIK: Der Musikmann vum Vicky Stoll (25. Februar 2005)
  5. terrorverlag.com: HOLY NATIONAL VICTIMS - Take Ride or you will never know (net datéiert)