e-Lake festival

(Virugeleet vu(n) E-Lake Festival)

Den e-Lake festival ass en Open-air Musekfestival zu Iechternach. En ass all Joer dat zweet Wochenenn am August. De Festival, deen dräi Deeg dauert, gëtt vum Iechternacher Jugendclub (Club des Jeunes Echternach) organiséiert. Well de Festival vu fräiwëllege Jugendleche fir Jugendlecher organiséiert gëtt, ass d'Entrée fräi.

D'Musekrichtunge sinn op déi dräi Deeg opgedeelt. Freides gët Rock a Pop gespillt, samschdes ass Electro, House an Techno um Plang, a sonndes Chill out, Reggae an aktuell Hits.

De Festival huet ongeféier 20.000 Visiteuren all Joer op den dräi Deeg zesummen.[1]

Geschicht änneren

D'Iddi fir de Festival ass 1983 aus Manktem un Attraktioune speziell fir d'Jugendlech an der Géigend ëm Iechternach entstanen. En ass um Ufer vum Iechternacher Séi an engem natierlechen Amphitheater, den duerch kleng Hiwwelen am Terrain forméiert gëtt.

D'Bezeechnung e-Lake ass am Joer 2000 agefouert ginn, virdru si verschidden aner Bezeechnunge wéi Summerfest um Séi an Open Air Party benotzt ginn.

1983 hat de Festival nëmme 400 Visiteuren; d'Zuel ass am Joer 1990 op 1100 eropgaangen. Am Joer 2009 goufen 20.000 Visiteure gezielt.[2] 2010 hat de Festival schonn um éischten Dag 8000 Visiteuren. Un deem Dag ass die däitsch Grupp Blumentopf opgetrueden.[3],[4] 2011 waren och zirka 20.000 Leit um Festival.[5]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. e-Lake festival bei hunderttausend.de
  2. Lautstarke Dauerparty am Stausee In: Trierischer Volksfreund online, Archiv 2009
  3. E-Lake-Festival mit Publikumserfolg. In: Luxemburger Wort online vom 8. Juli 2010
  4. Frank Göbel: 8000 feiern das „e-Lake“ In: Trierischer Volksfreund online vom 8. August 2010
  5. Drei Tage Pop, Techno, Rock und Reggae am See. In: Luxemburger Wort online vom 25. Juli 2011