Brach (Museksgrupp)

Museksgrupp

Brach war e kuerzliewege lëtzebuergeschen Hip-Hop-Projet. E gouf vun der Rappere Corbi a Fluit vun De Läb an de Produzente Project M (Fred Baus) a Loose Body Parts (Tim Lecomte) gegrënnt fir op der Weltaustellung 2010 zu Shanghai a China opzetrieden.

Brach
Museksgenre Hip-Hop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2010
Trennung 2011
Memberen Corbi (rap)
Fluit (Rap)
Loose Body Parts (Produzent)
Project M (Produzent)

D'Iddi, e Grupp ze grënnen dee lëtzebuergeschsproochegen Hip-Hop zu Shanghai virstellt ass zesumme mam Christian Mosar, dem Commissaire fir de Kulturprogramm, entstanen. Brach ass dofir nieft anere lëtzebuergesche Formatioune wéi dem Filip Markiewicz (Raftside) oder dem Greg Lamy Quartet vum Kulturministère ënnerstëtzt ginn. Brach huet Concerten am lëtzebuergesche Pavillon ginn.[1]

De Projet huet den 11. Februar 2011 opgehalen.[1] Op deem Datum ass en Album mam selwechten Numm an en Documentaire[2] am Exit07 virgestallt ginn. Den Album ass um Label Songs for Ben verëffentlecht ginn ass. E behandelt eng fiktiv Geschicht iwwer eng Rees a China.[1] Am Februar ass och d'Single Super super flott digital verëffentlecht ginn.

Discographie änneren

  • 2011: Brach (Album)
  • 2011: Super super flott (Single)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Luxuriant (online)Interview Brach Schwätz kee Brach! (2. Februar 2011)
  2. mywort.lu: Soirée release du film documentaire ,,Brach" à l'Exit 07 (2. Februar 2011)