Benoît Martiny

Lëtzebuergesche Museker

De Benoît Martiny, gebuer den 3. Oktober 1980 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schlogezeispiller, Perkussionist, Bandleader, Komponist a Conferencier.

Benoît Martiny
Gebuer 3. Oktober 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Perkussionist, Batteur

Biographie änneren

De Benoît Martiny ass an enger Musekerfamill opgewuess[1], säi Papp war professionelle Pianist, seng Mamm Pianistin a Sängerin.

Hien huet seng éischt Perkussiouns- a Musekscoursen an der Gemeng Nidderaanwen geholl, duerno ass hien op de Stater Conservatoire gewiesselt wou hie Coursë vum Jos Christen an Al Ginter hat. Mat 13 Joer huet hien dem konservativen Enseignement de Réck gedréit an huet zu Iechternach op der Museksschoul beim Boris Dinev Coursë geholl. Duerno ass hien Jazz-Schlogezei op de Rotterdamer Conservatoire studéiere gaangen. An där Zäit war hie Batteur vun der hollännescher Afroband Mdungu, mat där hien 2 Alben opgeholl huet an op Tournée duerch Europa, Asien an Amerika gereest ass.

2004 huet hie seng eege Formatioun gegrënnt, d'Benoît-Martiny-Band (BMB), fir déi hie komponéiert, a mat där hie Concerten a Japan, Venezuela an uechter ganz Europa ginn huet. 2008 war BMB den éischte Laureat vum Amersfoort Jazztalent Award.

Am Laf vu senger Karriär ass de Benoît Martiny ville Museker op der Bün an am Studio begéint, ë. a. Oghene Kologbo (ex-Fela Kuti), Michel Pilz, Sascha Ley, Laki Latino, Maxime Bender, Neco Novellas, Mark Lotterman, Mdungu. Hien ass och zesumme mat der Trompettelegend Randy Brecker a mam Justin Adams (Gittarist vum Robert Plant) opgetrueden.

Den Ament[Wéini ?] ass de Benoît Martiny ë. a. Batteur vun der venezuelanescher Hard-Rock/Metal-Band Cultura Tres a vun der lëtzebuergescher Hip-Hop-Grupp De Läb. Hie schafft reegelméisseg mam Gittarist Lata Gouveia a mat der Formatioun Voodoo Kingdom zesummen.

De Benoît Martiny enseignéiert Schlogezei a Perkussioun an der Iechternacher Museksschoul.

Discographie änneren

Benoît Martiny Band änneren

  • 2005: Jazz Goes Garage. CD.
  • 2006. Benoît Martiny Band. CD. Label: Nauta, 00001.
  • 2008: Benoît Martiny Band. CD, vinyl.
  • 2010: Isolation Nation. CD, vinyl. Label: Badass Yogi Productions.
  • 2010: Isolation Nation / Who Called The Cops. 7" Vinyl. Label: Badass Yogi Productions.
  • 2013: Trauerspill. CD, vinyl.
  • 2014: Are You Isolated? DVD.
  • 2016: The Grand Cosmic Journey. CD, DVD, FLAC. Label: Badass Yogi Productions.
  • 2017: De Gudde Wëllen. Vinyl, FLAC. Label: Badass Yogi Productions.
  • 2020: Moons of Uranus. Vinyl. Label: Badass Yogi Productions.
  • 2022: Phase 0. Vinyl. Label: Badass Yogi Productions.

De Läb änneren

  • 2015: De Gëllene Stull (Corbi). CD. Label: De Läbbel, D-LBL 005.
  • 2016: De Gëllene Stull (Corbi). 2 x Vinyl. Label: De Läbbel, D-LBL 005.
  • 2016: Kale Bauer. CD. Label: De Läbbel, D-LBL 007.
  • 2017: Kale Bauer. 2 x Vinyl. Label: De Läbbel, D-LBL 007.
  • 2018: Dekäd. Label: De Läbbel, D-LBL 010.

Mark Lotterman änneren

  • 2012: Funny. CD. Label: Mark Lotterman, ML02. The Netherlands.
  • 2012: Funny. Vinyl. Label: Elevate Records, EV1. The Netherlands.
  • 2014: Year Without Summer. CD. Label: Harlem Recordings, HRCD 008. The Netherlands.

Divers Artisten änneren

  • 2008: New Dawn Ku Khata (Neco Novellas). CD. Label: World Connection, WC 43068.
  • 2017: The Trick (Lata Gouveia). CD. Ouni Label.
  • 2017: La Secta (Cultura Tres). CD, Vinyl, MP3-Album. Label: Everything Sucks Music.
  • 2018: Chantier (Maka MC). CD. Label: De Läbbel, D-LBL 011.

Op Kompilatiounen änneren

  • 2007: Taste Music: Jazz Made In Luxembourg. CD. #10: Bushfire. Label: Sony DADC, A0100772619-0101.
  • 2010: Shouting Boots Live! CD. Label: VPRO Eigenwijs, EW 1085.
  • 2019: Stuedtheater Panzfestival. Ouni Label.
  • 2020: Luxembourg Sounds Like...Jazz. CD. Label: music:LX, HOA306561.
  • 2020: Jazz News Présente Jazz From Luxembourg. Label: music:LX.
  • 2021: Stuedtheater Panzfestival 2. Ouni Label.

Literatur änneren

  • Caregari, Luc, 2019. Batteur bouclé. woxx 1517: 8-9.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Haaptquell fir d'Biographie: https://www.sonicvisions.lu/speakers/benoit-martiny/?style=7222 a Caregari 2019 an der Literatur.