Juliette François

lëtzebuergesch Schauspillerin

D'Juliette François, gebuer den 23. September 1925 zu Lëtzebuerg a gestuerwen de 15. September 2007, war eng lëtzebuergesch Theater- a Filmactrice.

Juliette François
Gebuer 23. September 1925
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. September 2007
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Pol Greisch
Kanner Cary Greisch

Hiren éischten Optrëtt hat d'Juliette François 1938 am Stéck Mumm Séis am Alen Theater. Bei der Grënnung 1949 vum Ensembel Les Compagnons de la Scène, aus deem de Lëtzebuerger Theater ervirgaangen ass, war d'Juliette François mat dobäi. Si stoung an enger Hellewull vu Rollen am Kapuzinertheater an zanter 1973 am Théâtre Ouvert Luxembourg (TOL) op der Bün. Si huet zesumme mat hirem Mann, dem Pol Greisch, zu de Grënnungsmembere vum TOL gezielt an ass mat him zesummen a senge Stécker, wéi Viru mam Jabel, Margréitchen, Kellzerwiss, E Stéck Streisel oder Grouss Vakanz, opgetrueden.

Zum Enn vun den 1990er Joren huet si sech lues a lues aus hirer aktiver Karriär zeréckgezunn.

Filmer änneren