Hei elei, kuck elei

Televisioun Programm

Hei elei, kuck elei war den Titel vun enger Televisiounsemissioun a Lëtzebuerger Sprooch (der éischter iwwerhaapt), déi tëscht dem 21. September 1969 an dem 21. Oktober 1991 sonndes mëttes tëscht 13.00 an 13.45 (spéider bis 15.00) Auer op der Frequenz vun Télé Luxembourg (zum Schluss och vun RTLplus) ausgestraalt gouf.

Se gouf vun der CLT produzéiert. Chefredakter an Haaptmoderator war de Jean Octave, a méi spéiden Emissiounen huet de Lucien Michels och verschidden Emissioune (co-)moderéiert. De Programm bestoung gewéinlech aus enger Wocherevue, a geleeëntleche Reportagen, Debaten, Museks- oder Theateropféierungen, asw.

Den Initiator vun dësem Magazin war de fréiere Generaldirekter vun der CLT, de Gust Graas. Et war och hien, deen den Numm „Hei elei, kuck elei“ virgeschloen hat.

An den 1980er Joren huet RTL-Hei elei och véier Filmfictioune produzéiert a gewisen: Déi zwéi vum Bierg (a 6 Episoden), E Fall fir sech, E Liewe laang an De falschen Hond.

Hei elei kuck elei gouf am Oktober 1991 agestallt, fir duerch eng deeglech Emissioun op Lëtzebuergesch, RTL-Hei elei (deen am September 1995 an RTL Télé Lëtzebuerg ëmbenannt sollt ginn) ersat ze ginn.

Den Numm ass e Vers aus der Operett D'Mumm Séis vum Edmond de la Fontaine.

En ass dee warscheinlech bekanntste lëtzebuergesche Saz an Holland. Dat kënnt dohier, datt, wéi RTL en Televisiounsprogramm op Hollännesch lancéiert huet (RTL Veronique, deen haitegen RTL4) dëse Programm offiziell huet misse "lëtzebuergesch" sinn, well e keng hollännesch Lizenz hat an nëmmen als "auslännesche" Programm huet däerfen an d'Kabelnetzer agespillt ginn. Dofir ass dann ëm Hallefnuecht, wann de Programm eriwwer war, oder moies fréi, ier et lass goung, "Hei elei, kuck elei" ausgestraalt ginn. Besonnesch bei jonke Leit hat et e gewësse Kultstatus, virum (oder nom) Erausgoen "Hei elei" ze kucken a sech iwwer dee gelungene Programm z'ameséieren.

Zanter dem September 2012 weist RTL Télé Lëtzebuerg all Sonnden eng Rediffusioun vum Hei elei vum Sonndeg virun 30 Joer.