Philippe Noesen
lëtzebuergesche Schauspiller, Theaterintendant a Regisseur
De Philippe Noesen, gebuer de 17. Oktober 1944 an der Belsch zu Brugge, ass e lëtzebuergesche Schauspiller, Theaterintendant a Regisseur.
Philippe Noesen | |
---|---|
Gebuer | 17. Oktober 1944 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterschauspiller |
Als Kand vun enger belscher Mamm a lëtzebuergesche Papp, huet de Philippe Noesen seng Kandheet zu Lëtzebuerg verbruecht. Hien huet zu Paräis säi Studium an art dramatique gemaach a war Member vun 1969 bis 1972 vun der Comédie française. Nees zeréck zu Lëtzebuerg war hien 1973 Matgrënner vum Théâtre du Centaure. 1992 ass hien als Direkter vum Escher Theater nominéiert ginn an huet dës Funktioun bis 2004 ausgefouert.
Filmer
ännerenals Schauspiller
änneren- E Fall fir sech (1984)
- Déi zwéi vum Bierg (1985)
- L'amour en suspens (2001) vum Herman Van Eycken
- La Revanche (2004)