Cité Léon Kauffman
D'Cité Léon Kauffman ass eng Cité zu Zolwer (Gemeng Suessem) an zu Uewerkuer (Gemeng Déifferdeng), déi nom lëtzebuergesche Politiker Léon Kauffman benannt gouf.
Cité Léon Kauffman | |
---|---|
Wann Dir eng selwer gemaache Foto iwwer dëse Sujet wëllt zur Verfügung stellen, da klickt hei fir eropzelueden | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng |
Suessem Déifferdeng |
Buergermeeschter |
Simone Asselborn-Bintz (LSAP) Guy Altmeisch (LSAP) |
Koordinaten |
49° 31’ 14’’ N 05° 54’ 58’’ O |
D'Cité läit op der Grenz tëscht Zolwer an Uewerkuer, zirka 2,5 km vum Kär vun der Uertschaft Zolwer ewech. Se läit op der südlecher Säit vum CR174, der Déifferdenger- respektiv Zolwer Strooss. Den Haaptaccès an d'Cité geet iwwer e Rond-point vum CR174, en zweeten Accès geet iwwer d'Kräizung mat der rue Henri Bessemer.
D'Cité ass ufanks der 1960er-Jore vun der Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM) gebaut ginn an huet Wunnraum fir zirka 150 Famillen.