Société nationale des habitations à bon marché (Lëtzebuerg)

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Société nationale des habitations à bon marché, gekierzt SNHBM, ass eng Wunnengsbaugesellschaft, déi 1919 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf[1].

Société nationale des habitations
à bon marché (SNHBM)
Typ SA
Grënnungsdatum 1919
Sëtz 2B, rue Kalchesbruck
L-1852 Lëtzebuerg
Leedung Guy Entringer (Direkter)
Annick Rock (Presidentin CA)
Mataarbechter 135
Branche Wunnengsbau
Homepage snhbm.lu

Si hat bis 1995 ronn 6.200 Wunnenge gebaut. Anescht wéi an anere Länner waren dat keng Appartementsbléck, mä éischter Citéë mat Eefamilljenhaiser oder och mol Appartementshaiser fir eng 10 Stéit[2].

Bis 1980 war et sou, datt no 10 Joer de Keefer selwer decidéiere konnt, ob a wéi e säin Haus wollt verkafen. Zanterhier gouf d'Virkafsrecht op 12, dunn op 19, da 25 Joer, gehéicht, fir 2018 op 99 Joer festgeluecht ze ginn.

Direkteren änneren

Literatur änneren

  • Antoinette Lorang: Société Nationale des Habitations à Bon Marché. Album du Centenaire 1919-2019 (édité par la Société Nationale des Habitations à Bon Marché). Luxembourg 2019. 244 S. ISBN 978-99959-0-475-3

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. den 23. Oktober 1919 als « Société anonyme pour la construction d'habitations a bon marché dans le Grand-Duché de Luxembourg » gegrënnt (Mémorial C, Recueil Spécial, numéro 34 du 12 novembre 1919)
  2. Quell, wou net anescht uginn: Bernard Thomas: "100 ans - 99 ans." d'Lëtzebuerger Land Nr.11, 13. Mäerz 2020, S.2-3.