Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek

Lëtzebuerger Dageszeitung

D'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek ass eng Lëtzebuerger Dageszeitung, déi fir d'éischt den 1. Juli 1946 erauskomm ass. Si ass bis haut d'Presseorgan vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL).

Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
Sëtz an der Zénon-Bernard-Strooss zu Esch
Typ Zeitung
Sprooch Däitsch
Éischt Ausgab 1. Juli 1946
Land Lëtzebuerg
Besëtzer KPL
Chefredakter Ali Ruckert
Editiounshaus ZEITUNG S.A.
Dréckerei Imprimerie Centrale
Websäit http://www.zlv.lu/


Logo

Geschicht änneren

D'Zeitung vum Letzeburger Vollek (wéi se an der deemoleger Schreifweis housch) huet d'Wochenzeitung Die Volksstimme als Sproochrouer vun der KPL ofgeléist, déi den 28. September 1944, just no der Liberatioun, fir d'éischt erauskomm war.

1953 war d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek net sou gutt drun, an ass just eemol d'Woch erauskomm. 1954 gouf et awer nees eng Dageszeitung. Bis an d'Mëtt vun den 1980er Joren ass och eng Wochenzeitung vum Letzeburger Vollek erausgi ginn.

Zanter den 1990er Jore kënnt Blat nach just vun dënschdes bis samschdes eraus.

Gekroops änneren

Vun 1948 bis 1950 ass an der Zeitung eng satiresch Säit, De Feierkrop, publizéiert ginn. Dës ass de 16. Mäerz 1984 nees nei belieft ginn an ass bis den 23. Juli 1993 mat groussem Succès all Freiden erauskomm. Wéinst Gedeessems iwwer d'ideologesch Ausriichtung vun der Zeitung huet hiren Auteur, de Jacques Drescher dës verlooss an e puer Méint drop Den Neie Feierkrop gegrënnt.

Zuelen änneren

Lieserstatistik änneren

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 0,8 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer d'Zeitung gelies. 2006/2007 waren dat der 0,90 %; 2007/2008 0,60 % an 2008/2009 0,50 %.[1] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[2] 2011 waren et 0,70 %[3]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 1.900 Leit iwwer 15 Joer d' Zeitung gelies (0,4 % vun der Wunnbevëlkerung).[4]

Pressehëllef änneren

2011 huet d'Zeitung 368 206 € staatlech Pressehëllef kritt.[5]


Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.24.
  2. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  3. Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
  4. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
  5. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.