Nicolas Huberty

lëtzebuergeschen Dokter

Den Nicolas Huberty, gebuer de 16. Dezember 1890 zu Kiemen (Lëtzebuerg), a gestuerwen den 23. Februar 1976 zu Ettelbréck[1], war e Lëtzebuerger Resistenzler an Hausdokter, deen zu Ettelbréck praktizéiert huet.

Nicolas Huberty
Gebuer 16. Dezember 1890
Kiemen
Gestuerwen 23. Februar 1976
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Resistenzler

Karriär als Dokter

änneren

Den Nicolas Huberty huet sech den 9. Dezember 1919 zu Ettelbréck etabléiert wou hie bis zu sengem Doud als Omnipracticien praktizéiert huet.

Hie war ënner anerem nach Haffdokter zu Colmer, Member vum Collège médical a Member vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Maison de Santé.

Resistenzler

änneren

Den Dokter Huberty hat e beweegt Liewen als Resistenzler. Schonn den 2. Abrëll 1940 an direkt duerno krut hien d'Geleeënheet, fir säi Patriotismus a seng frankophil Astellung ënner Bewäis ze stellen. Deemools war e franséischen Opklärungsfliger, no Beschoss duerch déi däitsch Flak, bei Feelen erofgefall an den Dokter Huberty, zesumme mam Chirurg vun der Ettelbrécker Klinick, dem Dokter Charles Marx, huet sech den zwéin verwondte Piloten, dem Capitaine Marcel-Pierre Faure, an dem Chef-Adjutant Charles Lherbiet ugeholl, a se dunn, mat der Hëllef vum Dokter Huberty sengem Chauffer, Tony Hientgen, heemlech iwwer déi franséisch Grenz bruecht. Dofir gouf den Dokter Huberty an déi aner Komplizen, opgrond vun der deemoleger "offizieller" Neutralitéit vu Lëtzebuerg, vum Gericht ugeklot. Et koum allerdéngs net méi zu engem Prozess, well an der Zwëschenzäit, den 10. Mee 1940, waren déi däitsch Truppen ageréckt. Den Okkupant huet dat Ereegnes allerdéngs net aus den Ae verluer. Der Geforen, déi sech doraus kéinten erginn, war sech den Dokter Huberty och bewosst an huet sech dunn den 10. Mee 1940, op der Flucht virun den Däitschen, no Frankräich ofgesat. Hien hat zu Saint-Brice d'Praxis vun engem franséische Kolleeg iwwerholl. Hien huet allerdéngs missen op Ettelbréck zeréckkommen, wéi och do déi däitsch Truppen ageréckt sinn.

D'Nazien haten den Dossier vum Dokter Huberty awer net vergiess. 1941 gouf hien zu enger Geldbouss verurteelt an e krut Prisong mat Sursis.

Well verschidde Sabotageakten zu Ettelbréck gemaach goufen, a besonnesch well am Oktober 1941 Hakekräizfändelen um Foussballsterrain erofgerappt goufen, hunn d'Nazie sech erëm un den Dokter Huberty erënnert. Hie gouf, zesumme mat 20 aneren Ettelbrécker Perséinlechkeeten, am Oktober 1941 als Geisel verhaft. All zesummen hu se solidaresch eng Geldstrof vu 500.00 RM misse bezuelen, fir erëm fräi ze kommen.

Den Dokter Huberty huet sech doduerch awer net aschüchtere gelooss. Fir hie war keng Stonn ze fréi a keng Stonn ze spéit, wann et geheescht huet, d'Lëtzebuerger Refraktären, déi a Bunkeren oder a Privathaiser verstoppt waren, bräichte seng Hëllef. Hien a seng Fra hu méi wéi 300 verstoppte Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert medezinesch betreit, dacks aus Sécherheetsgrënn an hirer Garage.

 
Resistenzlerauswäis vum Dokter Nicolas Huberty (D'Original ass am Patton-Musée zu Ettelbréck)

Literatur

änneren
  • Flies, Joseph: Ettelbrück, Geschichte einer Landschaft, 1970, Imprimerie Saint-Paul,
    • An deem Buch referéiert sech den Auteur op der Säit 1866 op de Bréif, deen de Generol Marcel-Pierre Faure 1962 un de Dokter Nicolas Huberty vun Ettelbréck soll geriicht hunn, fir him fir säi Bäistand zur Evasioun 1940 (nom Fliger-Accident zu Feelen) Merci ze soen: Parmi tous les souvenirs accumulés au cours des 37 ans d'aviation sous tous les cieux du monde, l'accueil que j'ai reçu au Luxembourg dans la nuit du ler au 2 avril 1940 reste pour moi l'épisode le plus émouvant. Notre ami tant regretté Charles Marx et sa charmante femme, que j'ai beaucoup vus à Vichy pendant l'été 1940 et envers lesquels j'ai pu m'acquitter d'une partie de mon immense dette en obtenant pour le docteur l'autorisation d'exercer en France, m'avaient beaucoup parlé de vous... C'est pourquoi le Docteur avait une place de choix dans mon souvenir de ces heures inoubliables, puisque je le savais "complice" direct de Marx dans mon évasion... Malheureusement, mon fidéle Lherbiet (second évadé de 1940), tombé en mer en 1942 en convoyant un avion vers la Grèce, a disparu... Mais je n'avais pas oublié pour autant la réception de l'échevin de Niederfeulen et les robustes épaules de son fils, l'accueil dans cette clinique à 2 heures du matin sous le bon regard bleu de Charles Marx, le défilé dans ma chambre le lendemain de tout ce que Ettelbruck comptait d'amis de la France, cette évasion rocambolesque avec tant de complices et une organisation si poussée....

Auszeechnungen

änneren

Fotoe vun der Éierung vum Dokter Huberty (5.Mee 2007)

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Nicolas Huberty – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Doudesannonce vum Nicolas Huberty am Luxembiurger Wort vum 25. Februar 1978 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 30. Mäerz 2022