Haaptmenü opmaachen

Wikipedia β

Albert Ungeheuer

Soldier svg.svg Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Monument vun der Amicale Albert-Ungeheuer zu Mäertert

Den Albert Ungeheuer, gebuer den 30. Mee 1915 zu Mäertert, den 19. Mee 1944 erschoss am KZ Natzweiler-Struthof, war e lëtzebuergesche Resistenzler. Hien huet zu Déifferdeng gewunnt a war Member vum Resistenz-Mouvement PI-Men.

Als Passeur huet hie vill Lëtzebuerger (meeschtens Deserteuren, déi an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert gi waren) iwwer d'Grenz bruecht, déi dunn am Opfanglager zu Les Ancizes bei Clermont-Ferrand ënnerkomm sinn.

Mat Hëllef vun engem Lëtzebuerger Verréider ass d'Gestapo dohanner komm an de Reseau ass opgeflunn. Vill sinn der verhaft ginn. Den Albert Ungeheuer a seng Stellvertrieder Marcel Jung, Jean Cros[1], Michel Gaspard a Marcel Meyer [2] sinn dunn an d'KZ op Hintzert komm. Den 18. Mee 1944 si se op Natzweiler iwwerféiert ginn an do den aneren Dag, zesumme mat anere Patrioten, an enger Kiselkaul erschoss ginn.

Inhaltsverzeechnes

Nom Albert Ungeheuer genanntÄnneren

  • D'Amicale Albert-Ungeheuer, d'Associatioun vun de Wehrmachtdeserteuren.
  • Zwou Stroossen: eng zu Déifferdeng an eng zu Stroossen.
  • D'Stèle Albert-Ungeheuer, d'Stad Déifferdeng huet dëse Gedenksteen 1985 opgeriicht an ageweit[3].
  • De Sentier Albert-Ungeheuer, e Pad, dee bei Fond-de-Gras duerch de Bësch féiert an iwwer deen d'Lëtzebuerger Deserteuren no Frankräich ageschleist gi sinn.

LiteraturÄnneren

  • Dollar, Jacques, 2004. Albert Ungeheuer, martyre de la Résistance. Luxemburger Wort Jg. 156, Nr. 116 (19. Mai), pp. 11–12, ill.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. De Jean Cros war den Hôtellier vun Ancizes wou d'Leit en Ënnerdach fonnt hunn, wa se do ukoumen, a gewaart hu fir weider geleet ze ginn
  2. De Marcel Meyer war e franséische Fonctionnaire dee falsch Pabeieren ausgestallt huet fir datt d'Leit net sollten erkannt ginn
  3. Websäit Gemeng Déifferdeng