Haaptmenü opmaachen

Ordre de la Résistance 1940–1944

D'Kräiz vum Ordre de la Résistance 1940-1944

Den Ordre de la Résistance 1940–1944 ass duerch Arrêté grand-ducal vum 30. Mäerz 1946[1], modifizéiert duerch groussherzoglech Reglementer vum 27. Mee 1967[2] an 24. Dezember 2003[3], agefouert ginn. E gëtt u lëtzebuergesch - an och exzeptionell un auslännesch - Zivilpersounen verginn, opgrond vun hire Verdéngschter an hirem bewisene Courage wärend der däitscher Occupatioun 1940-1944.

  • Dësen Uerde besteet aus zwéi Graden: dem Kräiz an der Medail.
    • d'Kräiz ass aus Bronze mam Monogramm vun der groussherzoglecher Kroun drop. Op der viischter Säit ass de Kapp vum heraldesche Léiw mat der Opschrëft « Je maintiendrai » an de Joreszuelen « 1940-1944 ». Hannen drop ass e Lorberkranz mam Buschtaf R (Resistenz);
    • d'Medail ass och aus Bronze. Vir drop ass den heraldesche Léiw vu Lëtzebuerg deen eng Ketten duerchbrécht. Op der anerer Säit ass de Monogramm mat zwee Lorberblieder an der Opschrëft « Je maintiendrai » mat de Joreszuelen « 1940-1944 ».

Zanter dem Règlement grand-ducal vum 24. Dezember 2003[3], gëtt d'Kräiz nëmme méi à titre posthume accordéiert an d'Iwwerreeche vu Medailen an deem Uerden ass ofgeschaaft ginn.

Titel an Insigne als ResistenzlerÄnneren

Opgrond vun engem Gesetz vum 14. Mäerz 1968[4] konnt d'Regierung och den Éierentitel Resistenzler accordéieren. Dësen Éierentitel gouf ëmgesat duerch en Insigne an en Auswäis.

Mam Gesetz vum 21. Juni 2016 gouf den Éierentitel nees ofgeschaaft[5].

 
Resistenzlerauswäis vum Dokter Nicolas Huberty
(D'Original ass am Patton-Musée zu Ettelbréck)

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren