Bernard Clasen (Affekot)

lëtzebuergeschen Affekot a Kellereidirekter

De Bernard Isidor Alphons Clasen, gebuer den 23. Oktober 1878 zu Gréiwemaacher a gestuerwen de 5. Juni 1935 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergeschen Affekot a President vum lëtzebuergesche Wënzerverband.[2]

Bernard Clasen
Gebuer 23. Oktober 1878
Gréiwemaacher
Gestuerwen 5. Juni 1935
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée classique d'Echternach,
Stater Kolléisch,
Cours supérieurs
Aktivitéit Affekot
Famill
Papp Frédéric Clasen

Studium änneren

De Bernard Clasen war de Jong vum Dokter Fritz Clasen vu Gréiwemaacher. Hien huet seng Secondairesstudien zu Iechternach am Progymnase ugefaangen. Do ass him als Klassekomerod de Marcel Noppeney begéint, deen do 1894/95 seng Troisième gemaach huet.[3] Am Iechternacher Progymnase goung et net méi wäit wéi Troisième; d'Deuxième (1895/96) an d'Première (1896/97) huet de Clasen dowéinst am Atheneum gemaach.

Dono ass hien do op d'Cours supérieurs gaangen, fir Droit ze studéieren, grad ewéi och de Marcel Noppeney. Am Oktober 1898 hu si sech allebéid fir den Exame vun der Candidature en philosophie et lettres, préparatoire à l'étude du droit presentéiert.[4] Fir säi weideren Droitsstudium goung de Clasen op Genf an op Paräis.[5] Seng Examen huet hien am Kader vun der Collation des grades zu Lëtzebuerg musse maachen: am Oktober 1899 d'Candidature en droit (mat Distinction);[6] am Dezember 1900 déi éischt Epreuve vum Doktorat;[7] am Juni 1902 den zweeten Exame fir den Dokorat, de schrëftlechen Examen de 14. Juni an den Oral de 16. Juni. Hien ass mat Satisfaction duerchkomm a war domat « Docteur en droit ».[8]

Den Affekot änneren

Säin Eed als Affekot huet de Bernard Clasen den 10. Juli 1902 geleescht, an den Eed als Avoué de 25. Mee 1906.[9]

Vum Dezember 1909 bis uganks Juni 1919 war de Bernard Clasen Ergänzungsriichter beim Bezierksgeriicht Lëtzebuerg.[10] Am Juli 1920 ass hie Member vum « Conseil de l'ordre » vum Barreau ginn.[11]

De Wënzer änneren

E puer Joer virum 1. Weltkrich gouf de Bernard Clasen Proprietär vum Wéngert am „Scheidberg“ bei Mäertert, aus deem hien e Musterbetrib gemaach huet, dee Wäi vu beschter Qualitéit produzéiert huet. An op der Héischt vum Bierg huet hie sech zousätzlech e Juegdhaus gebaut.[12] Am Joer 1920 koum nach de Wäibau-Areal tëscht Maacher a Wuermer dobäi, deen hien nom Doud vu sengem Papp geierft huet.[13]

Am Juni 1921 huet hien zesumme mam Jean Bernard an aneren Investoren d'Aktiegesellschaft «Caves Jean Bernard-Massard» mat Sëtz zu Maacher gegrënnt. De Bernard Clasen gouf President vum Verwaltungsrot a blouf dat bis zu sengem Doud.[14]

De Vertrieder vum lëtzebuergesche Wäibau änneren

Vum 30. Juli 1918 bis den 3. Oktober 1919 war de Bernard Clasen Member vun der Wäibaukommissioun, wou hien de Mandat vu sengem Papp fäerdeg gemaach huet.[15]

An der Generalversammlung vum Wënzerverband vum 3. Mäerz 1918 gouf de Bernard Clasen zum President gewielt.[16] Hie blouf op deem Poste bis zur Generalversammlung vum 23. Februar 1930, wou hien net méi kandidéiert huet.[17] Als President vum Wënzerverband war dem Bernard Clasen am Januar 1923 de Grad vum Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne konferéiert ginn.[18]

De Bernard Clasen huet Lëtzebuerg op der Conférence internationale du vin, déi den 30. Juni 1924 zu Paräis ugefaangen huet a wou et ëm déi geplangte Grënnung vun engem Office international du vin goung, vertrueden.[19] Deem Office, deen am November 1924 gegrënnt gouf, ass Lëtzebuerg den 30. Dezember 1927 offiziell bäigetrueden.[20] Lëtzebuerg war am Office international du vin duerch de Bernard Clasen vertrueden,[2], deen 1928 a senger Eegenschaft als Member vum Comité directeur vum Office international du vin vun der franséischer Regierung zum Chevalier vun der Légion d'honneur ernannt gi war.[21]

Vum Juni 1926 u war de Bernard Clasen Member vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der 1925 gegrënnter staatlecher Wäibaustatioun[22] vu Réimech.[23] Am Oktober 1930 ass hie President vun der Kommissioun ginn.[24] Am August 1934 ass säi Mandat nach fir véier Joer verlängert ginn.[25]

Aner Chargen änneren

Am Mee 1934 gouf de Bernard Clasen Member vum Verwaltungsrot vun der BIL.[26]

Hie war laang Jore Member vun der Verwaltungskommissioun vum Zivilhospiz vun der Stad Lëtzebuerg, wou säi Mandat nach am Februar 1935 erneiert gouf.[27]

D'Koppel Clasen-Ransonnet änneren

De 26. Juni 1905 [28] huet de Bernard Clasen, deen an der Stad gewunnt huet, sech do mat der Marie Coralie Alphonsine Ransonnet bestuet; si war de 27. Juni 1885 an der Stad als Duechter vum Nottär Pierre André Hippolyte Ransonnet († 1903) an der Jeanne Hélène Coralie Simonis († 1890) op d'Welt komm.[9][29] Am Oktober 1907 hu si fir 90.000 Frang d'Haus an der Avenue Monterey, an deem den däitsche Botschafter, de Grof Pückler, gewunnt huet, kaaft.[30] D'Koppel krut keng Kanner.[31] D'Marie Ransonnet ass den 12. Abrëll 1981 an der Stad gestuerwen.[29]

De Bernard Clasen war de Monni vum Carlo Clasen.

D'Begriefnes vum Bernard Clasen änneren

De Bernard Clasen ass de 7. Juni 1935 an der Stad begruewe ginn. Ënner den Trauergäscht war och de Staatsminister Joseph Bech. Riede goufe gehale vum Bâtonnier Jean Nicolas Schneidesch an dem Distriktskommissär Jos Faber, deen dem Bernard Clasen seng Verdéngschter am Wäibau ervirgestrach huet: « Bernard Clasen a été un initiateur des nouvelles méthodes et un éducateur pour les vignerons qu'il entraîna par sa parole et son exemple couronné de succès ».[32]

Gielercher[33] änneren

Literatur änneren

  • Arendt, O., A. Gnaba, J. Menegalli & J. Rudoni, 2018. Histoires de familles: 10 familles luxembourgeoises, 10 success-stories entrepreneuriales: Clasen, Ehlinger, Ernster, Giorgetti, Grosbusch, Heintz van Landewyck, Hentgen, Lentz, Muller, Weber-Heinisch. Maison Moderne, Luxembourg, 175 p.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1-652 [Bernard Clasen, S. 249].
  • Luxembourg, 1935. Obsèques de M. Bernard Clasen. Luxembourg, Journal du matin 1935-06-08, S. 4 1. Jg., nº 54/55 (08.06.1935), S. 4.[21]
  • Mersch, J., 1967. La famille Ransonnet. Biographie nationale du pays de Luxembourg vol. 8, fasc. 15, p. 6-67.[22]
  • Obermosel-Zeitung, 1935. † Bernard Clasen. Obermosel-Zeitung 1935-06-06, Erstes Blatt, S. 2.[23]
  • Tageblatt, 1935. Aus dem Inland. Begräbnis Bernard Clasen. Escher Tageblatt 1935-06-11, S. 5.[24]
  • Wort, 1935. Lokal-Chronik. B. Clasen †. Luxemburger Wort 1935-06-08, S. 6.[25]

Referenzen änneren

  1. Mersch 1967, S. 64.
    Luxemburger Wort 1935-06-06, S. 7 (Avis Mortuaire).[1]
  2. 2,0 2,1 Mersch 1967, S. 63-64.
  3. Wilhelm, F., 1991. Si Echternach m'était conté… (21): Souvenirs inédits de l'écrivain Marcel Noppeney. Die Warte 1991-10-17, Nr. 27, S. 1.
  4. L'Indépendance luxembourgeoise 1898-10-15, S. 2 (Jury d'examen).
  5. Tageblatt 1935.
  6. L'Indépendance luxembourgeoise 1899-10-19, S. 2 (Jury d'examen).[2]
    L'Indépendance luxembourgeoise 1899-10-27, S. 3 (Examens).[3]
  7. Luxemburger Wort 1900-10-09, S. 3 (Prüfungsjury).[4]
    L'Indépendance luxembourgeoise 1900-11-09, S. 3 (Examen).[5]
  8. L'Indépendance luxembourgeoise 1902-04-21, S. 2 (Jury d'examen).[6]
    Obermosel-Zeitung 1902-06-20, S. 2 (Chronik aus der Hauptstadt. Prüfung).[7]
  9. 9,0 9,1 Mersch 1967, S. 63-64; Kugener 2005, S. 249.
  10. L'Indépendance luxembourgeoise 1909-12-17, S. 3 (Justice).[8]
    Luxemburger Wort 1919-06-09, S. 1 (Justiz).
  11. LW 1920-07-26, S. 2 (Barreau).[Luxemburger Wort 1920-07-26, Abend-Ausgabe, S. 2.[9]
  12. Obermosel-Zeitung 1935.
  13. Mersch 1967, 64; Arendt et al. 2018, S. 20.
  14. Arendt et al. 2018, S. 20-21.
  15. Obermosel-Zeitung 1918-08-06, S. 2 (Amtliches).[10]
    L'Indépendance luxembourgeoise 1919-10-08, S. 1 (Commission de viticulture).[11]
  16. Obermosel-Zeitung 1918-03-05, S. 2 (Großherzogtum. Grevenmacher, 5. März).[12]
  17. Obermosel-Zeitung 1930-02-24, S. 2 (Generalversammlung und Neuwahlen im Winzerverband zu Remich am 23. Februar 1930).[13]
  18. Escher Tageblatt 1923-01-30, S. 3 (Ordre de la Couronne de Chêne).
  19. L'Indépendance luxembourgeoise 1924-07-04, S. 2 (Conférence internationale du vin à Paris). [14]
    Obermosel-Zeitung 1926-06-14,S. 1 (Winzerkammer. Protokoll über die Sitzung vom 2. Mai 1926).[15]
    Luxemburger Wort 1927-07-27, S. 4 (Gründung eines Office international du vin).[16]
  20. Mémorial 1928, N° 1, S. 1 (Loi du 30 décembre 1927, portant approbation de l'arrangement de Paris du 29 novembre 1924, concernant la création d'un Office international du vin). [17] Cf. Mémorial 1918, N° 23, S. 547 (Office International du Vin).[18]
  21. Obermosel-Zeitung 1928-05-03, S. 2 (Auszeichnung).
  22. Weinbauinstitut (IVV).
  23. Luxemburger Wort 1926-07-01, S. 3 (Weinbauwesen).
  24. Mémorial 1930, N° 50, S. 1004 (Viticulture).[19]
    Luxemburger Wort 1930-10-13, S. 4 (Weinbaustation).[20]
  25. Obermosel-Zeitung 1934-08-08, S. 2 (Weinbau).
  26. LW 1934-05-25, S. 5 (Internationale Bank in Luxemburg).
  27. Cf. Escher Tageblatt 1935-02-05, S. 3 (Gemeinderatssitzung der Stadt Groß-Luxemburg von Montag, den 4. Februar 1935).
  28. 27. Juni 1905, laut Mersch 1967, S. 63.
  29. 29,0 29,1 Luxroots.com
  30. L'Indépendance luxembourgeoise 1907-10-15, S. 3 (Immeuble).
  31. De Kugener 2005 (S. 249) zitéiert de Carlo Clasen als hire Jong. Dat war awer de Jong vum Joseph Clasen, dem Brudder vum Bernard Clasen.
  32. Luxembourg 1935, Tageblatt 1935, Wort 1935.
  33. Doudesannonce vum Bernard Clasen am Luxemburger Wort vum 6. JUni 1935 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 9. Februar 2022