Joseph Clasen

lëtzebuergeschen Ingenieur

De Joseph Friedrich Karl Clasen, gebuer de 4. Abrëll 1876 zu Gréiwemaacher an do gestuerwen de 7. Dezember 1945,[1] war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriellen.[2]

Joseph Clasen
Gebuer 4. Abrëll 1876
Gréiwemaacher
Gestuerwen 7. Dezember 1945
Gréiwemaacher
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Ingenieur, Banquier
Famill
Papp Frédéric Clasen
Kanner Carlo Clasen

Den Ingenieur änneren

De Joseph Clasen war de Jong vum Dokter Fritz Clasen an de Brudder vum Bernard Clasen. Hien huet op der Universitéit vu Léck fir Ingenieur studéiert a konnt säi Studium am Oktober 1901 erfollegräich ofschléissen.[3]

Am Joer 1906 huet de Joseph Clasen zu Paräis zesumme mat sengem Kompatriot Paul Breisch, ingénieur des Arts et Métiers (Châlons s/M.), eng Géisserei gegrënnt (« Clasen et Breisch », rue de l'Aqueduc), wou se absënns « pièces détachées » fir Autoe fabrizéiert hunn.[4] Déi Zesummenaarbecht schéngt awer net laang funktionéiert ze hunn, well am August 1910 huet de Joseph Clasen, deen an der Tëscht an der Stad Lëtzebuerg gewunnt huet, de Breisch viru Geriicht zitéiert, well deen him 1.220 Frang schëlleg war.[5]

Banquier zu Diddenuewen änneren

De Joseph Clasen huet sech am Mee 1911 zu Diddenuewen mat der Charlotte Leclaire, déi zu Guentrange gewunnt huet, bestuet. D'Braut war den 13. Januar 1889 zu Diddenuewen als Duechter vum Banquier Léon Leclaire[6] op d'Welt komm. D'Koppel huet an der Stad gewunnt, wou hiert éischt Kand, d'Jacqueline Marie Thérèse Blanche Charlotte Clasen, de 26. August 1913 gebuer gouf.[7],[8]

An de Joren dono ass d'Famill Clasen-Leclaire op Diddenuewe geplënnert, wou de Joseph Clasen als Banquier respektiv Bankdirekter geschafft huet. Zu Diddenuewen koume seng zwéi Jongen, den André an de Carlo, op Welt.

De Joseph Clasen war aktive Member vun der Association « Les Luxembourgeois en Lorraine »: Vizepresident am Joer 1923,[9] President am Joer 1928[10].

Direkter vun de Caves Bernard-Massard änneren

1927 gouf de Joseph Clasen Member vum Verwaltungsrot vun de Caves Bernard-Massard, dee vu sengem Brudder Bernard Clasen presidéiert gouf. Nom Doud vu sengem Brudder am Juni 1935 huet hien d'Leedung vun der Kellerei als Direkter an als Administrateur-délégué iwwerholl. Ufanks war hien nëmmen zwéin Deeg an der Woch op der Plaz; Enn der 1930er Joren huet hie sech ganz zu Maacher installéiert.[11],[12]

D'Begriefnes änneren

De Joseph Clasen ass méindes, den 10. Dezember 1945, um dräi Auer nomëttes begruewe ginn.[1] D'Obermosel-Zeitung huet senger esou geduecht: „Joseph Clasen war ein stiller, ein vornehmer Mensch, der nie an die breite Öffentlichkeit getreten ist, aber der die Achtung und Sympathie aller Menschen genoß, die in engeren Verkehr mit ihm gekommen waren. Sein Begräbnis sollte in aller Stille stattfinden, seinem Wunsch gemäß. Trotzdem hatten sich zahlreiche Freunde eingefunden, um ihm das letzte Geleit zu geben.“[11]

No sengem Doud hu seng Jongen André a Carlo d'Relève iwwerholl. Den André war nach keng 30 Joer al an de Carlo hat der just 22. Den André Clasen koum am September 1957 bei engem Autosaccident ëm d'Liewen, a vun do un huet säi Brudder de Betrib eleng geleet.[13]

Literatur änneren

  • Arendt, O., A. Gnaba, J. Menegalli & J. Rudoni, 2018. Histoires de familles: 10 familles luxembourgeoises, 10 success-stories entrepreneuriales : Clasen, Ehlinger, Ernster, Giorgetti, Grosbusch, Heintz van Landewyck, Hentgen, Lentz, Muller, Weber-Heinisch. Maison Moderne, Luxembourg, 175 p.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1-652 [Joseph Clasen, S. 249].
  • Obermosel-Zeitung, 1945. Aus dem Großherzogtum Grevenmacher, 11. Dezember 1945. Obermosel-Zeitung 1945-12-11, S. 3.[11]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Obermosel-Zeitung 1945-12-10, S. 4 (Avis de décès).[1]
    Escher Tageblatt 1945-12-10, S. 4 (Avis mortuaires).[2]
  2. Kugener 2005, S. 249.
  3. Obermosel-Zeitung 1899-08-04, S. 2 (Großherzogtum. Zweites Ingenieurexamen in Lüttich bestanden).[3]
    Obermosel-Zeitung 1901-10-22, S. 2 (Großherzogtum. Grevenmacher, 22. Oktbr.).[4]
    L'Indépendance luxembourgeoise 1901-20-25, S. 3 (Nouvelles diverses).[5]
  4. L'Indépendance luxembourgeoise 1907-07-01, S. 2 (Nos compatriotes de Paris).[6]
  5. L'Indépendance luxembourgeoise 1910-08-08, S. 4 (Extrait)
  6. De Léon Louis André Leclaire, gebuer den 22. November 1857 zu Diddenuewen, huet sech den 11. Abrëll 1888 zu Dikrech mat der Marie Cathérine Léonie Schoetter, gebuer de 14. August 1868 zu Metz, bestuet; (Diekirch "Komplettes Familienbuch der Gemeinde 1796-1923". Hien ass de 5. Juni 1916 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen an de 7. Juni zu Diddenuewen begruewe ginn. — Obermosel-Zeitung 1916-06-06, S. 2 (Großherzogtum. Grevenmacher, 6. Juni)).[7] — Luxembourg, Registres d'état civil, décès 1911-1916, image 747; Archives nationales de Luxembourg, Luxembourg.[8]
  7. Luxroots.com
  8. D'Jacqueline Clasen huet sech den 10. Abrëll 1940 zu Diddenuewen mam Charles Théodore Marie Victor de Vaulx (1914-2006) bestuet. Si ass de 24. August 1996 zu Metz gestuerwen (Geneanet, Patrice Laburte's family tree).
  9. L'Indépendance luxembourgeoise 1923-05-24, S. 3 («Les Luxembourgeois en Lorraine»).[9]
  10. L'Indépendance luxembourgeoise 1928-06-16, S. 3 (Nos compatriotes en France).[10]
  11. 11,0 11,1 Obermosel-Zeitung 1945.
  12. Arendt et al. 2018, S. 21.
  13. Arendt et al. 2018, S. 24.