Gerard141
Schabloun Autoritéitskontroll
ännerenE klenge Merci tëschenduerch fir d'Asetze vun där Schabloun, an de Biograpiesartikele wou se feelt; et war bis ewell nach keen derzou komm, dat méi systeematesch ze maachen. --Zinneke (Diskussioun) 12:02, 3. Sep. 2020 (UTC)
Munchen
ännerenMoien, als Erklärung: ech hunn d'Homonymie-Säit Munchen e bëssen an d'Fassong bruecht; e Redirekt, wéi Dir en ugeluecht hat, ass do net méiglech, well et méi Leit mat deem Numm gëtt.
Bescht Gréiss,--Zinneke (Diskussioun) 09:03, 21. Aug. 2020 (UTC)
- Merci fir den Tipp wat de Stammbam op wikitree ugeet; ech hunn dee meescht Infoen och vun do. GilPe (Diskussioun) 18:04, 6. Jan. 2022 (UTC)
- De Konstantin Bernhard von Voigts-Rhetz war vum 12. Juni 1860 bis 23. Januar 1863 Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg
- De Ludwig (Hessen-Homburg) war Gouverneur vun der Festung Lëtzebuerg bis zu sengem Dout den 19. Januar 1839 --Gerard141 (Diskussioun) 08:17, 14. Jan. 2022 (UTC)
- Den Heinrich von Wedel war vum 4. Mäerz 1852 un Kommandant/Gouverneur vun der Festung Lëtzebuerg
- Den Eduard von Brauchitsch (General,_1798) war vum 1. Juli 1860 bis den 24. August 1867 Gouverneur vun der Festung Lëtzebuerg --Gerard141 (Diskussioun) 10:33, 14. Jan. 2022 (UTC)
- De Friedrich Wilhelm von Hessen ass 1839 Gouverneur vun der Festung Lëtzebuerg gin.--Gerard141 (Diskussioun) 15:11, 14. Jan. 2022 (UTC)
- Den Alexander von Wulffen war seit August 1842 Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg.--Gerard141 (Diskussioun) 10:09, 15. Jan. 2022 (UTC)
- Den August von Stahr ass den 25. Juni 1864 Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg gin.--Gerard141 (Diskussioun) 13:28, 15. Jan. 2022 (UTC)
- Den Hermann von Hanneken (Generalleutnant) war de leschten Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg.--Gerard141 (Diskussioun) 13:48, 15. Jan. 2022 (UTC)
- De Friedrich Ferdinand Jakob du Moulin war vum 15. April 1815 un bal 30 Joer Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg.--Gerard141 (Diskussioun) 13:54, 15. Jan. 2022 (UTC)
- Den Albrecht von Sydow ass den 22. Mai 1858 Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg gin.--Gerard141 (Diskussioun) 15:12, 17. Jan. 2022 (UTC)
- Den Franz Ludwig von Thürheim ass 1763 Gouverneur vun der Festung Lëtzebuerg gin.--Gerard141 (Diskussioun) 08:05, 19. Jan. 2022 (UTC)
- De Ferdinand von Prondzynski ass den 29. Januar 1863 Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg gin.--Gerard141 (Diskussioun) 08:15, 19. Jan. 2022 (UTC)
- De Leopold von Gayl ass de 4. April 1850 Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg gin.--Gerard141 (Diskussioun) 10:06, 19. Jan. 2022 (UTC)
- Den Ehrenfried August Kayser ass den 19. Februar 1852 Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg gin.--Gerard141 (Diskussioun) 11:51, 19. Jan. 2022 (UTC)
Moien
änneren
|
Robby (Diskussioun) 12:49, 17. Aug. 2020 (UTC)
Gudde Moien,
Merci fir Är Aarbecht beim Nosiche vun Datummen. Et wier allerdéngs besser déi direkt an den Text als Referenz anzebauen. Dat hätt den Avantage datt Dir Iech e laange Kommentar kënnt spueren, an datt da keen anere muss hannendru lafe fir dat dann ze maachen.
Merci am Viraus --Les Meloures (Diskussioun) 13:30, 26. Aug. 2020 (UTC)
Walen
ännerenJacques Santer, Jacques Poos, Jean-Claude Juncker, Robert Goebbels, Alex Bodry, Mme Mady Delvaux-Stehres et M. Georges Wohlfart ayant été nommés membres du Gouvernement, dont la qualité est incompatible avec celle de membre du Parlement européen , la Commission a également vérifié les pouvoirs de leurs suppléants.
Ben Fayot, Mmes Astrid Lulling, Viviane Reding, MM. Marcel Schlechter, Jup Weber et Mme Lydie Polfer sont élus comme membres du Parlement européen
- Wat kann e Lieser mat deene franséische Sätz ouni Erklärung ufanken? --Les Meloures (Diskussioun) 08:53, 10. Sep. 2020 (UTC)
wéi zitéiren ech daat richteg ?
- Ech wees net genee wat dir dem Lieser wëllt bäibréngen an deemno ass et schwéier fir ze soen wéi den Aufsatz richteg soll geschriwwe ginn. Franséisch Säz sollen nëmmen als Referenz oder Zousätzlech Erklärung benotzt ginn.
- Ben Fayot, Mmes Astrid Lulling, Viviane Reding, MM. Marcel Schlechter, Jup Weber et Mme Lydie Polfer sont élus comme membres du Parlement européen."
- Dës Ausso stëmmt net mat der Lëscht vun den Deputéierten iwwereneen. Do feelt dann nach eng Erklärung.
- Ech froe mech och firwat een hei d'Procedure vum Walgesetz an d'Applikatioun dervu soll erklären. Déi sollt bekannt sinn (All Lëtzebuerger sollt säi Walgesetz kennen), a wann ee meng et misst een dat maachen da soll dat an engem Artikel iwwer d'Walgesetz gemaach ginn. Soss musse mer dat bei all Artikel iwwer d'Wale widderhuelen --Les Meloures (Diskussioun) 09:49, 10. Sep. 2020 (UTC)
- Ben Fayot, Mmes Astrid Lulling, Viviane Reding, MM. Marcel Schlechter, Jup Weber et Mme Lydie Polfer sont élus comme membres du Parlement européen."
Wale fir d'Europäescht Parlament 1999 (Lëtzebuerg)
ännerenMoien,
Ech hu mol probéiert fir d'Interpretatioun vun der Tabell méi verständlech duerzestellen.
Et bleift allerdéngs eng Fro: Firwat stinn net all déi Éischtgewielt déi aus iergendenger Ursaach net op Europa gaange sinn an der Tabell?
Mat halwen Informatioune wier et besser déi, déi net Deputéiert goufen einfach ewech ze loossen, nom Motto entweder alles oder näischt. --Les Meloures (Diskussioun) 13:21, 10. Sep. 2020 (UTC)
fir 1994 fannen ech keen gesamtresultat ob https://elections.public.lu/fr/elections-europeennes/1994/resultats.html
Orthographie
ännerenMoien,
de lëtzebuegeschen ob ass den Equivalent vum däitschen ob a franséische si
fir de franséische sur an den däitschen auf schreift een am Lëtzebuergeschen op. --Les Meloures (Diskussioun) 08:22, 15. Sep. 2020 (UTC)
Numeraladjektiver kréie wann se als Ziffer geschriwwe ginn e Punkt hannendrun. --Les Meloures (Diskussioun) 08:47, 15. Sep. 2020 (UTC)
- Remoien, an et geet weider, leider,
- Kéint de dir vläicht ugewinnen Referenzen opzeféieren wéi déi aner Benotzer dat och maachen.? --Les Meloures (Diskussioun) 13:45, 15. Sep. 2020 (UTC)
Klierf
ännerenGréiwemaacher
ännerenQuell
ännerenMerci fir den Zeitungsartikel. Op wat am Artikel soll e sech als Quell bezéien? --Les Meloures (Diskussioun) 09:41, 8. Sep. 2021 (UTC)
"1945 no der Befreiung vu Lëtzebuerg, gouf de Jacques vun der franséischer Militärpolice verhaft an u Lëtzebuerg ausgeliwwert. Do gouf him de Prozess wéinst Landesverrot gemaach [Source?]. 1946 ass hie verurteelt ginn, a fir ëmmer aus dem Land verbannt ginn [Source?]"
"Il se fait élire bourgmestre de son lieu de rési- dence Schlachter. Dénoncé par l'oc- cupant belge, il sera remis aux auto- rités luxembourgeoises après la guerre. Sa nationalité allemande le préserve d'une condamnation et les actes judiciaires se referment en 1946 sur une extradition."
- Jo a wat maache mer lo.
- Franséisch Miltärpolice kontra Occupant belge. (Et hätte missten d'Fransouse sinn wann en zu Lindau fonnt gi wier,
- son lieu de résidence Schlachter kontra Schlachters (wéi déi Uertschaft richteg heescht) an a Wierklechkeet huet en zu Thumen gewunnt
- 1946 ass hie verurteelt ginn kontra le préserve d'une condamnation
- fir ëmmer aus dem Land verbannt ginn kontra les actes judiciaires se referment en 1946 sur une extradition
- Do hat einfach ee vill Saache behaapt déi net gestëmmt hunn. Dat ass jo lo veschwonn. Ier Quell déi Dir einfach sou ouni Commentaire geliwwert hutt huet jo och net de Beweis bruecht datt déi Behaaptunge gestëmmt hunn. Deemno war se als Quell net sou extra am Sënn vun der Nofro awer als Informatioun net schlecht. Dofir setzen ech se lo mol op de Spaweck. --Les Meloures (Diskussioun) 12:19, 8. Sep. 2021 (UTC)
Wikiiessen 2022
ännerenLéiwe Wikikolleeg,
Ech invitéieren dech e Samschden, den 29. 1. 2022 op eist Wikiiessen mat uschléissender Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg. Weider Detailer stinn um Staminee. Ech géif mech freeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:22, 19. Jan. 2022 (UTC)
Rue du Palais de Justice
ännerenNumm | fr: Rue du Palais de Justice |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Postcode | 1841 |