Corneille Schroeder

lëtzebuergeschen Apdikter


De Corneille Schroeder, gebuer de 14. November 1844 zu Klierf a gestuerwen den 30. Januar 1917 zu Rodange[1][2], war e lëtzebuergeschen Apdikter[3].

Corneille Schroeder
Gebuer 14. November 1844
Klierf
Gestuerwen 30. Januar 1917
Rodange
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Apdikter

Hien ass den 20. November 1871 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn. Nom Doud vum Louis Charles Rothermel am Joer 1872 huet hien d'Mouerenapdikt an der Stad Lëtzebuerg iwwerholl, déi hien 1898 un den Nicolas Klees verkaf huet[4].

1899 huet de Schroeder d'Apdikt vu Rodange, déi dem Nicolas Witry gehéiert huet, kaaft. No sengem Doud huet säi Jong, de Camille Schroeder, deen och Apdikter war, d'Officine iwwerholl[5].

Literatur änneren

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3 (S-Z). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1343-1756, [1]-23, [1].
  • Mersch, J., 1967. La famille Wurth. Biographie nationale du pays de Luxembourg., fasc. 15: 165-378. [2]
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques et bibliographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Veuve M. Bourger-Blum, Luxembourg 1886, III, 167 S.
  • Toelle, A., 1920. Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Grossherzogtum Luxemburg. Hofdruckerei Victor Buck, Luxemburg, 19 S.

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce vum Corneille Schroeder am Luxemburger Wort vum 1. Februar 1917 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 14. Januar 2022
  2. Annonce vum Doud vum Corneille Schroeder am Monats-Berichte = Bulletins mensuels Société des naturalistes luxembourgeois Datum: Monday, 15 January 1917, Jg. 11, nº 1 und 2
  3. Liez 1886, S. 128, Kugener 2005, S. 1430.
  4. Luxemburger Wort 1898, Nr. 227 (23. November), S. 3 (Apothekerwesen) [1]. Kugener 2005, S. 1430; beim Toelle 1920, S. 11 a S. 17, steet als Verkafsjoer vun der Mouerenapdikt: 1899.
  5. Toelle 1920, S. 17, Kugener 2005, S. 1430, 1432.