Horrorfilm
Filmgenre
En Horrorfilm oder Grujelfilm ass a Filmgenre, dee versicht negativ emotional Reaktioune beim Zuschauer ervirzeruffen, andeems e mam Publikum senger Angscht spillt. En enthält dacks makaber oder iwwernatierlech Zeenen, déi iwwer dem Zuschauer seng Albdreem, seng verstoppt Angscht, säin Eekel oder säin Terror virum Onbekannten handelen.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/1c/M%C3%A9li%C3%A8s%2C_Le_manoir_du_diable_%281896%29.jpg/220px-M%C3%A9li%C3%A8s%2C_Le_manoir_du_diable_%281896%29.jpg)