Beffroi
E Beffroi (oder Belefroi; nl. belfort, de.: Belfried) ass den Numm vun engem héijen, schlanke Klackentuerm wéi e besonnesch fir flämesch Stied typesch ass.
Funktioun
ännerenDéi meescht Beffroie goufen an der Zäit vun der Gotik gebaut an zielen zu de bedeitendste Profanbaute vum Mëttelalter. Si goufe vun den net-reliéisen Autoritéite vun de Stied, oder den Zënft reps. Gilden als Symbol vun der biergerlecher Muecht opgeriicht, och géintiwwer vun där vun der Kierch. Meeschtens ass de Beffroi mam Stadhaus verbonnen oder steet fräi niewendrun.
Well et eng relativ gutt ofgeséchert Plaz war, gouf et dacks am Tuerm d'Stadarchiv, d'Schatzkummer oder e Prisong. Doriwwer eraus war et e Wuechttuerm, fir eventuell Feier, oder Feinden, déi am Umarsch waren, z'erblécksen, an och, fir wichteg Neiegkeeten ze proklaméieren. Am Beffroi gëtt et weiderhin eng Stadklack, a vum 16. Joerhonnert un e Carillon (Klackespill), deen d'Zäit a fir besonnesch Evenementer geschloen huet.
Beffroien an der Belsch an a Frankräich
änneren1999 an 2005 goufen 23 Beffroien an Nordfrankräich (Franséisch-Flandern) an der 33 an der Belsch vun der UNESCO zum Weltkulturierwen erkläert. An der Lëscht sinn och e puer Kierchtierm, si sinn hei drënner kursiv markéiert.
Stad | Regioun | Bauzäit | Héicht | Weltkulturierwen zanter | Besonnesches | Bild |
---|---|---|---|---|---|---|
Aalst | Belsch, Ostflandern | 1460; Virgängerbau 13. Joerhonnert | 1999 | spéitgotesch; huet en Ecktuerm aus dem 13. Joerhonnert ersat; Carillon mat 52 Klacken | ||
Abbeville | Frankräich, Somme | 1209 | 27 Meter | 2007 | ||
Aire-sur-la-Lys | Frankräich, Pas-de-Calais | 1717 | 45 Meter | 2005 | nees nom Éischte Weltkrich opgebaut | |
Amiens | Frankräich, Somme | 52 Meter | 2005 | |||
Antwerpen | Belsch, Provënz Antwerpen | 15./16. Joerhonnert, 1518 fäerdeg gebaut | 123 Meter | 1999 | Kierchturm vun der Onze Lieve Vrouw; typesche spéitgotesche Flamboyant-Stil; Carillon mat 49 Klacken | |
Antwerpen | Belsch, Provënz Antwerpen | 1561–1564 | 1999 | Stadhaus um Grote Markt gebaut vum Cornelis Floris II. am Stil vun der Renaissance | ||
Armentières | Frankräich, Nord | 67 Meter | 2005 | Deel vum Stadhaus; Carillon mat 11 Klacken | ||
Arras | Frankräich, Pas-de-Calais | 16. Joerhonnert | 75 Meter | 2005 | Stadhaustuerm; nom Éischte Weltkrich rekonstruéiert | |
Bailleul (Belle) |
Frankräich, Nord | 1932 | 2005 | am Éischte Weltkrich zerstéiert; Carillon mat 35 Klacken | ||
Beaune | Frankräich, Bourgogne-Franche-Comté | Restauratioun an Ausbau am 17. an 19. Jh. |
13. Jh.De 27. August 1885 als Monument historique klasséiert | |||
Bergues | Frankräich, Nord | 1240 | 54 Meter | 2005 | Klackentuerm vu Bergues - 1944 zerstéiert, 1961 a vereinfachter Form nees opgebaut; Carillon mat 50 Klacken. Bekannt duerch de Film „Bienvenue chez les Les Ch'tis“. | |
Béthune | Frankräich, Pas-de-Calais | 1346 | 33 Meter | 2005 | Carillon mat 35 Klacken | |
Binche | Belsch, Hainaut | 14. Joerhonnert | 1999 | Deel vum Stadhaus | ||
Boulogne-sur-Mer | Frankräich, Pas-de-Calais | 12. Joerhonnert | 47 Meter | 2005 | ||
Brugge (Bruges) |
Belsch, Westflandern | 14./15. Joerhonnert; virdru vun 1240 un als Holztuerm | 83 Meter | 1999 | Beffroi (Bruges) | |
Calais | Frankräich, Pas-de-Calais | 75 Meter | 2005 | Ugefaangen 1910, fäerdeg 1925. Architekt Louis Debrouwer vun Dunkerque. Aus arméiertem Betong. | ||
Cambrai | Frankräich, Nord | 1447–1474 | 62,5 Meter | 2005 | ||
Charleroi | Belsch, Hainaut | 1936 | 70 Meter | 1999 | Am Art-déco-Stil als Deel vum Stadhaus. | |
Comines | Frankräich, Nord | 1623 | 58 Meter | 2005 | ||
Dendermonde | Belsch, Ostflandern | 1377 | 1999 | Ursprénglech en Eckturm vun der Duchhal, déi 1377 zum Stadhaus vergréissert gouf; am Éischte Weltkrich schwéier beschiedegt; 1925/26 nees opgebaut; de Carillon gouf eréischt 1975 duerch en neie mat 49 Klacken ersat. | ||
Diksmuide | Belsch, Westflandern | 1999 | ||||
Douai | Frankräich, Nord | 1380-1475 | 54 Meter | 2005 | Carillon mat 62 Klacken | |
Doullens | Frankräich, Somme | 1613 | 28 Meter | 2005 | Stadhaustuerm | |
Dunkerque | Frankräich, Nord | 15. Joerhonnert | 58 Meter | 2005 | fréier als Kierchturm an d'Kierch St-Éloi integréiert, steet zanter 1782 fräi; Carillon mat 50 Klacken | |
Dunkerque | Frankräich, Nord | 1901 | 75 Meter | 2005 | Tuerm vum Stadhaus | |
Eeklo | Belsch, Ostflandern | 1932; Stadhaus am 17. Joerhonnert gebaut | 1999 | |||
Gembloux | Belsch, Namur | 2005 | ||||
Gent | Belsch, Ostflandern | ëm 1313–1380 | 118 Meter | 1999 | Beffroi (Gent) | |
Gravelines | Frankräich, Nord | 1608 | 32 Meter | 2005 | ||
Hesdin | Frankräich, Pas-de-Calais | 1563–1629 | 2005 | |||
Ieper | Belsch, Westflandern | 1200–1230 | 70 Meter | 1999 | Deel vun der Duchhal, am Ufank vum Éischte Weltkrich zerstéiert, zanter den 1920er Jore bis 1967 originalgetrei rekonstruéiert | |
Herentals | Belsch, Provënz Antwerpen | 1534 | 35 Meter | 1999 | fréier Duchhal; no Pläng vum Peter Moens a Merten Casus; Carillon mat 50 Klacken | |
Kortrijk | Belsch, Westflandern | eelst Deeler vun 1307 | 1999 | fréieren Deel vun der aller Duchhal, zanter déi 1899 ofgerappt gouf, steet e fräi | ||
Leuven | Belsch, Flämesche Brabant | 1507–1541 | 1999 | Kierchturm vun der Sint-Pieterskerk, deen net fäerdeg gouf, deen ca. 165 Meter héich hätt solle ginn; well deen ieweschten Deel véiermol an e Koup gefall ass, gouf en ewechgelooss | ||
Lier | Belsch, Provënz Antwerpen | 1369 | 1999 | No Pläng vum Hendrik Mijs; Gouf an d'Stadhaus vu 1741 integréiert, ma ass méi al; zanter 1971 Carillon mat 23 Klacken | ||
Lille | Frankräich, Nord | 1924–1932 | 104 Meter | 2005 | Neibau no Pläng vum Émile Dubuisson am Art déco Stil, nodeems den alen Tuerm am Éischte Weltkrich zerstéiert gi war | |
Lo | Belsch, Westflandern | 1565–1566 | 1999 | no Pläng vum Joos Staesin am Renaissancestil; Deel vum fréiere Stadhaus; haut Hotel a Restaurant | ||
Loos | Frankräich, Nord | 1880 | 2005 | no Pläng vum Louis Marie Cordonnier | ||
Lucheux | Frankräich, Somme | 2005 | ||||
Mechelen | Belsch, Provënz Antwerpen | 1449–1520 | 97 Meter | 1999 | Kierchtuerm vun der Sint-Rombouts-Kathedral; no Pläng vum Rombout Keldermans; gouf wéinst finanzielle Problemer net fäerdeg gebaut, en hätt sollen 167 Meter héich ginn; zwéi Carillonen | |
Mechelen | Belsch, Provënz Antwerpen | 14. Joerhonnert | 1999 | net fäerdeg gebaut; ursprénglech Deel vun der Duchhal, déi 1526 vum Rombout Keldermans an d'Stadhaus ëmgebaut gouf | ||
Menen | Belsch, Westflandern | 1574–1610 | 33 Meter | 1999 | Stadhaustuerm; Carillon mat 49 Klacken | |
Mons | Belsch, Hainaut | 1661–1672 | 87 Meter | 1999 | barocken Tuerm um Fëllement vun enger aller Buerg; steet eleng | |
Namur | Belsch, Namur | 1388, 1450 erneiert, 1753 restauréiert | 1999 | |||
Nieuwpoort | Belsch, Westflandern | 1922 | 1999 | Stadhaus am Neorenaissance-Stil; dat ursprénglecht Stadhaus gouf am Éischte Weltkrich zerstéiert | ||
Oudenaarde | Belsch, Ostflandern | éischt Hallschent vum 16. Joerhonnert | 1999 | Stadhaus am Stil vun der Brabanter Gotik | ||
Roeselare | Belsch, Westflandern | 1999 | ||||
Rue | Frankräich, Somme | 2005 | ||||
Saint-Riquier | Frankräich, Somme | 2005 | ||||
Sint-Truiden | Belsch, Limburg | 1608 | 1999 | |||
Thuin | Belsch, Hainaut | 1639 | 1999 | ursprénglich de Kierchtuerm vun der Kierch Saint-Theobard, déi 1811 ofgerappt gouf | ||
Tielt | Belsch, Westflandern | 1558–1560; Virgängerbau 1275 | 1999 | Hallentoren vun der fréierer Duchhal; Carillon vu 1773 mat 36 Klacken | ||
Tienen | Belsch, Flämesch-Brabant | 1323 | 1999 | Sint-Germanuskierch mam Stadterm | ||
Tongeren | Belsch, Limburg | 1442–1544 | 1999 | Tuerm vun der Basilika vun Tongeren | ||
Tournai | Belsch, Hainaut | um 1200 | 1999 | Carillon mat 43 Klacken; 1844 neogotesch ëmgebaut | ||
Veurne | Belsch, Westflandern | 1617–1628 | 1999 | |||
Zoutleeuw | Belsch, Flämesch-Brabant | ab 1231 | 1999 | Kierchtuerm vun der Sint-Leonarduskerk; Carillon mat 24 Klacken |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Beffroien an der Belsch an a Frankräich – Biller, Videoen oder Audiodateien |