Diksmuide

belsch Gemeng
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Diksmuide (frans.: Dixmude) ass eng Stad an der Provënz Westflandern an der Belsch. Si louch am Laf vum Éischte Weltkrich matzen an der Krichsfront (Yser-Front), gouf du ganz zerstéiert an an den 1920er Joren erëm opgebaut. An der Stad Diksmuide liewen op 149,40 km² 15.636 Mënschen (Stand: 1. Januar 2005). Diksmuide ass zum Symbol vun de Flamänner an hirem Widderstand géint déi däitsch Truppen am Éischte Weltkrich ginn.

IJzertoren, e Memorial zu Diksmuide, dat un d'Schluecht op der IJzer erënnert
Zentrum vu Diksmuide

Partnerschafte mat anere Stied änneren

Kuckeswäertes änneren

  • Stadhaus
  • Beguinage
  • Memorial (fr,:Tour de l'Yser;nl.: IJzertoren) als Erënnerung un den Éischte Weltkrich
  • Dodengang (frans.:Boyau de la mort); Schëtzegrief, déi als Undenken un den éischte Weltkrich erhale goufen.
  • De Kierfecht vun däitschen Zaldote bei Diksmuide, eng 3 km nordëstlech vu Vladslo, mat zwou Skulpture vun der Käthe Kollwitz, déi Elteren duerstellen déi traueren.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Diksmuide – Biller, Videoen oder Audiodateien