Auguste Liesch
De Jean-Baptiste Auguste Liesch gebuer den 28. August 1874 zu Munneref, a gestuerwen den 13. Mäerz 1949 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist, Politiker a Schrëftsteller. Säi bekanntst Wierk ass D'Maus Ketti.
Auguste Liesch | |
---|---|
Gebuertsnumm | Johann-Baptist August Liesch |
Gebuer |
28. August 1874 Munneref |
Gestuerwen |
13. Mäerz 1949 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Riichter, Schrëftsteller |
Partei | Liberal Liga |
Säi Liewen
ännerenDen Auguste Liesch koum als Jong vun engem Apdikter zu Munneref op d'Welt. Hien hat Droit studéiert a war als Affekot um Barreau vu Lëtzebuerg ageschriwwen. Hie gouf 1904 Friddensriichter zu Gréiwemaacher. 1907 war en um Bezierksgeriicht an der Stad Lëtzebuerg.
Vun 1918 bis 1921 war den Auguste Liesch, als Vertrieder vun de Liberalen, Generaldirekter (Minister) an zwou Regierungen ënner dem Émile Reuter, zoustänneg fir Justiz an ëffentlech Aarbechten. Méi wéi eemol war hien net mat der Politik vum Émile Reuter d'accord an huet e puermol domat gedreet seng Demissioun anzereechen. Hien ass awer bis Mëtt Abrëll 1921 op sengem Poste bliwwen, wéi den Émile Reuter seng éischt Regierung zesummegestallt huet déi nëmmen aus Vertrieder vun der Rietspartei bestanen huet.[1]
Duerno gouf en Direkter vun der Douane an ass dat bis den Dezember 1932 bliwwen, säin Nofollger op deem Poste war den Adolphe Kunnen.[2]
Den 23. Januar 1937 koum en an de Staatsrot an ass do bis de 16. November 1945 bliwwen.[3]
Am Krich gouf e vum Okkupant op Leubus a Schlangenbad ëmgesidelt.
1949 ass den Auguste Liesch gestuerwen.
Säi Wierk
ännerenLëtzebuergesch Texter
änneren- Fête de Charité
- D'Hochzeit an der Kathedral
- D'Visite beim Bébé
- Beim Docter
- Vakanz
- De Schadgen
- Specki Spack
- Um Tram
- Den Här Aptekter
- Meng Auer
- E gudde Parti
- D'Schweiz
- De Joss am Muergeland
- D'Liewen
- Eng Lomp
- Un d'Mammen
- Den Taucher (frei nom Friderech vu Schiller)
- Drémerei
- Jonge, follegt mir!
- De Coiffeur
- E flotte Kaperol
- Um Theater
- Am Park
- D'Volkskichen
- D'Hochzeit an der Volkskichen
- D'Chirurgen
- Am Conseil
- D'Le'ft
- Eng Keilchen am Könn
- Halerbach
- Um Bal
- De Rambour
- Zwé Zecher
- Schlot ké Kand!
- Des Sängers Fluch
- Am Klo'schter
- Widmong
- Ons Arme'
- D'al Joffer
- Um Bal
- Gedanken iwert e Kanddaf an der Maternite't
- E Kandidat fir den Tram
- Eng Wandlaus
- D'Maus Ketti
Franséisch Texter
änneren- Tante Zinn
- Le codicille
- Nine
- Tante Albertine
Däitsch Texter
änneren- Bomben auf Drier
- Leubus
- Mein Freund Anton
- Ely
- Im Schatten des Eichenhofes (Roman)
Literatur
änneren- D'Maus Ketti: Eng al Geschicht an neie Versen: zum Beschten vun de Ferienkolonien. Biller vum Pierre Blanc. 12 p. [Verlag a Drock] Gustav Soupert, Lëtzebuerg, 1936.
- Im Schatten des Eichenhofes, Roman, Ed. Worré-Mertens, 1940.
- Allerhand, Ed. P. Linden, 1947.
- Allerhand an d'Maus Ketti, Éditions du Centre, 1959.
- Auguste Liesch Gesamtwierk. Luxembourg, Éditions J.-P. Krippler-Muller, 1979 (= Klassiker vun der Lëtzebuerger Literatur, Zweete Band). (Préface vum Pierre Grégoire, Henri Rinnen & Nic Weber. Illustratioune vum Pe'l Schlechter)
- D'Maus Kätti. Illustratioune vum Alison Koch-Kent. 39 S. Éditions Schortgen, Esch-sur-Alzette. ISBN 87953-977-3. 2003.
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne
- Commandeur avec couronne vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand Officier vum Ordre de Léopold II ( Belsch) (Promotioun 1922)[5]
- Officier vum Ordre de la Légion d'honneur
No him benannt
ännerenAls Undenken un den Auguste Liesch sinn eng Partie Stroossen no him benannt: zu Bartreng, Diddeleng, an der Stad, zu Munneref an zu Biermereng.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Bras de fer 1918-1929 vum Charles Barthel, saint-paul 2006 ISBN 978-2-87996-735-6, Säit 250
- ↑ (fr)L'indépendance luxembourgeoise vum 14. Dezember 1932 (14 Dezember 1932) Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 18.11.2019.
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ Doudesannonce vum Auguste Liesch am Luxemburger Wort vum 15. Mäerz 1949 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 08.02.2015.
- ↑ (de)Die Festlichkeiten in Brüssel - Belgische Auszeichnungen. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (15. Mee 1922). Gekuckt de(n) 2023-08-08.