Aumetz
Aumetz (Armet op Lëtzebuergesch) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Arrondissement Thionville am Departement Moselle an der Regioun Grand Est. De Postcode ass 57710.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Stadhaus zu Aumetz | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Thionville | ||||
Kanton | Algrange | ||||
Postcode | 57710 | ||||
Gemengecode | 57041 | ||||
Koordinaten | 49° 25’ 07’’ N 05° 56’ 43’’ O | ||||
Fläch | 10,35 km² ha | ||||
Bevëlkerung | 2 225 (1999) |
Aumetz huet 1.035 ha, 1999 hunn do 2.225 Awunner (Aumessois op Franséisch) gelieft.
D'Uertschaft gouf fir d'éischt am Joer 636 als Talmatio an 933 dann als Almas ernimmt. Den Numm huet näischt mat der Stad Metz ze dinn, a leet sech aus dem laténgeschen alta mansium (en Heem dat héich läit) of. Am Mëttelalter louch Aumetz am däitsche Sproochgebitt. Vu 1766 un, gehéiert d'Uertschaft zu Frankräich. Tëscht 1871 an 1918 war d'Uertschaft en Deel vum "Reichsland" Elsass-Loutrengen am Däitsche Räich.
Kuckeswäertes
änneren- De Musée de la Mine
Nopeschuertschaften
änneren- Audun-le-Tiche am Norden
- Bure (Moselle) am Osten
- Ludelange am Südosten
- Beauvillers am Südsüdwesten
- Crusnes am Nordwesten
Jumelagen
ännerenAumetz ass jumeléiert mat Idrija a Slowenien, a mat dem Canton des Trois-Moutiers am Departement Vienne
Kuckt och
änneren- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Um Spaweck
ännerenCommons: Aumetz – Biller, Videoen oder Audiodateien |