Atert (Provënz Lëtzebuerg)

Belsch Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Atert (Uertschaft))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Atert an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Atert.

Atert (Franséisch: Attert, Wallounesch: Ater) ass eng belsch Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg.

Atert
Aussprooch
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Awunner 5.537 (1. Januar 2018)
Fläch 70,94 km²
Koordinaten 49°45'0,000"N, 5°47'12,001"O
Telefonszon 063
Postcode 6717
Websäit https://www.attert.be/

Geographie änneren

Atert läit un der Lëtzebuerger Grenz, um Floss Atert. Well et dëssäit vun der romanesch-germanescher Sproochgrenz louch, schwätzen haut nach en ettlech Leit zu Atert Lëtzebuergesch. D'Gemeng dréit deem Rechnung, andeems se z. B. zweesproocheg Stroosseschëlter ophänkt.

Atert läit haut laanscht d'Nationalstrooss N4 déi vun der Grenz um Rosenberg bis op Baaschtnech iwwer d'Voie de la Liberté leeft. Fréier huet déi Strooss duerch d'Uertschaft gefouert. D'Gemeng Atert läit och am Parc Naturel de la Vallée de l'Attert.

Hydrographie änneren

Um Territoire vun der Gemeng hunn en ettlech Baachen déi all Nieweflëss vun der Atert sinn hir Quellen. Dat sinn:

Aner Uertschaften an der Gemeng änneren

D'Gemeng Atert wéi se haut besteet, ass an der Zäit vun der belscher Gemengereform 1976/77 entstanen, a setzt sech zesummen aus de fréiere Gemengen: Atert, Gehaanselchert, Noutem, Diddebuerg an Tontel mat den Uertschaften a Lieu-diten:

 
D'Uertschaft Atert
 
Zweesproochegt Stroosseschëld zu Tontel

Wopen änneren

Beschreiwung an Originaltext:

D'argent à la fasce ondée d'azur accompagnée de cinq trèfles de sinople, trois en chef et deux en pointe.

De Wope gouf an där Form den 29. Abrëll 1994 vum Gemengerot ugeholl. Den A E ass vum 6. Oktober 1994.

De Wope vun der Gemeng Atert ass e rezente Wopen, well keng vun den ale Gemengen e Wopen hat de konnt iwwerholl ginn oder als Basis fir en Neien déngen. Dat blot Band am Wope stellt den Atertdall duer an d'Kléiblieder déi fënnef al Gemengen déi sech zur Gemeng Atert zesummegeschloss hunn.

Monumenter änneren

  • Monument fir Koreakrichkämpfer.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Atert – Biller, Videoen oder Audiodateien