Tontelange

Sektioun vun der belscher Gemeng Atert

Tontelange ass eng Uertschaft am Areler Land (Gemeng Atert) an der Provënz Lëtzebuerg. Op lëtzebuergesch gëtt afhängeg vun der lëtzebuergescher Sproochweis Tontel oder Tountel gesot. Op Wallounesch ass et Tontlindje.

Tontelange
lb: Tontel
Tontelange — a street.jpg
Strooss zu Tontel
Land Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Official flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Wopen Atert.svg Atert
Koordinaten 49° 43’ 34’’ N
      05° 48’ 30’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6717

D'Uertschaft läit op der belsch-lëtzebuergescher Grenz a stéisst un dat lëtzebuergescht Duerf Uewerpallen an der Gemeng Biekerech. Nopeschdierfer an der Belsch si Bonnert, Atert a Metzert.

Atert
Metzert Compass card (de).svg Uewerpallen
Bonnert

GeschichtÄnneren

Tontel war bis an de 70er Joren e klengt Bauerennascht dat sech awer an der Lescht zur Residenz vu ville Leit déi zu Lëtzebuerg schaffen entwéckelt huet. Dat ganzt Duerf gouf och an de leschte Jore verschéinert an déi al Strukture sinn iwwerall do wou et méiglech war erhale bliwwen.

Déi kleng belsch-lëtzebuergesch Baach Pall huet do op der aler Millen Platinerie oder Platinerei hir Quell.

Tontelange hat 1859 gefrot fir eng eege Gemeng ze ginn, an de 7. Abrëll 1865 war et sou wäit an Gemeng huet aus den zwou Sektiounen Tontelange a Metzert, dat vun Heinsch ofgespléckt gi war, zesummegesat. Dëst ass sou bliwwe bis zur belscher Gemengerform vun 1977, wéi Tontel bei d'Gemeng Atert koum.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Tontelange – Biller, Videoen oder Audiodateien
left

GalerieÄnneren

1914-1918Änneren

Krichsmonument um Kierfecht vun Tontel, Erënnerung un déi 12 Resistenzler déi den 1. September 1944 vun der Gestapo erschoss goufenÄnneren

Tontel (B) an Uewerpallen (L) - n° 121Änneren

  Uertschaften an der Gemeng Atert  

Sektiounen: AtertDiddebuergGehaanselchertNoutemTontel
Uertschaften a Lieu-diten: Almeroth · Beierchen · Corne du Bois des Pendus · Faascht · Grendel · Heeschtert · Leschert · Luschert · Luxeroth · Metzert · Parrt · Pass · Roudenhaff · Schuedeck · Schakeler