Noutemer Baach

lëtzebuergesch Baach

D'Noutemer Baach ass eng Baach zu Lëtzebuerg am Kanton Réiden, an am Areler Land an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Noutemer Baach
D'Noutemer Baach an Direktioun Grendel gekuckt
Längt 9 km
Originn
Originn 2 Quellbaachen
Plaz Holz
(Jongebësch)
Héicht 389 m
Koordinaten 49° 48’ 50.6’’ N
      05° 47’ 07.7’’ O
Konfluenz
Leeft an Atert
Plaz Grendel
Héicht 290
Koordinaten 49° 45’ 09.0’’ N
      05° 48’ 47.7’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Belsch
Regioun Éislek

D'Baach huet hir Quellen an zwou Griechten op den Hänk vum Jongebësch op enger Héicht vun 389 Meter nërdlech vun Holz a leeft vun do aus no Süden, bis op déi belsch Grenz wou se bei der Gossemaark L.B.149 am Frettelburbësch an d'Belsch leeft. Op hirem Wee dohi leeft bei der Bréck vum CR312 vu riets d'Reebich dran. Si leeft dann an engem schmuelen Dall tëscht Bëscher, weider bis op Noutem, wou kuerz virun der Uertschaft d'Lamich draleeft.

Hanner Noutem gëtt den Dall méi breet, a si leeft dann haaptsächlech duerch eng Wiselandschaft weider bis op Grendel fir dann ënner dem Wee, dee vu Grendel op Kolpech féiert, erduercht ze lafen, a ronn 320 Meter duerno hiert Waasser op enger Héicht vun 290 Meter an d'Atert ze schëdden.

D'Noutemer Baach ass ronn 9 km laang, dovun 2,4 km op Lëtzebuerger Terrain.

Den Dall vun der Noutemer Baach südlech vun Noutem. Lénks am Bild den ëstlechen Deel vun Noutem

Um Spaweck änneren

Commons: Noutemer Baach – Biller, Videoen oder Audiodateien