Rosenberg

belsch Uertschaft an der Gemeng Arel (Provënz Lëtzebuerg)

Rosenberg, op Lëtzebuergesch Rousebierg, ass eng belsch Uertschaft an der Provënz Lëtzebuerg mat fënnef Haiser op der belsch-lëtzebuergescher Grenz op der Nationale 4. Domat läit si och um Trajet vun der Voie de la Liberté

Rosenberg
lb: Rousebierg
De Rousebierg aus Richtung Wollbierg gesinn
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Arel
Koordinaten 49° 39’ 31.37’’ N
      05° 54’ 03.12’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6706

Op dëser Plaz ass de Grenziwwergang tëscht Lëtzebuerg mat der Uertschaft Stengefort an, an der Belsch, mat der nächster gréisserer Uertschaft Sterpenich. Den Numm Rousebierg gëtt allerdéngs, ausser um Stroosseschëld an als administrativ Bezeechnung, kaum gebraucht. D'Leit aus der Géigend soen einfach d'Stengeforter Grenz dofir.

Op der Sichmaschinn vu Michelin ass en deemno och net ënner dem Numm Rosenberg ze fannen. Si gëtt en awer als Numm vun der Strooss op där Plaz un an zwar tëscht dem Kilometerpunkt 188 an 189 vun der Nationalstrooss N4 déi do nach den Numm Voie de la Liberté huet.

Op der Grenz vu Rosenberg läit e klengt Fluchfeld fir ULMen.

Um Spaweck änneren

Commons: Rosenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
  Uertschaften an der Gemeng Arel  

Sektiounen: ArelNidderelterBunnertGiischHäischelTernech
Aner Uertschaften a Plazen: Alenuewen · Barnech · Birel · Badebuerg · Affen · Fruessem · Frellen · Heckbus · Rosenberg · Schappech · Siesselech · Séimerech · Stienen · Sterpenech · Stackem · Sues · Éiden · Uewerelter · Walzeng · Weller