Astronomescht Recheninstitut
D'Astronomescht Rechen-Institut (ARI) ass zanter dem 1. Januar 2005 Deelinstitut vum Zentrum fir Astronomie vun der Universitéit Heidelberg (ZAH) a war virdrun e Fuerschungsinstitut fir Astrometrie a Stellardynamik vum Bundesland Baden-Württemberg.
() | |
---|---|
Typ | Astronomeschen Observatoire |
Land | Däitschland |
Uertschaft | Heidelberg |
Gegrënnt | 1700 |
Koordinaten | 49°25'3,875"N, 8°41'17,236"O |
Um Spaweck | http://www.ari.uni-heidelberg.de/ |
Gläichzäiteg ass et déi international wichtegst Institutioun fir astronomesch Déngstleeschtungen an d'Berechnung vun astronomeschen Daten (Ephemeride vu Stären, Kierper aus eisem Sonnesystem, Joerbicher an astronomescht Fundamentalsystem).
D'ARI huet zanter 1945 säi Sëtz zu Heidelberg a konnt am Mee 2000 seng 300 Joer feieren. D'ARI geet zeréck op déi am Joer 1700 zu Berlin gegrënnte Kurfürstlich-Brandenburgische Societät der Wissenschaften, wou de Gottfried Kirch den éischten Astronom war. Am Joer 1945 gouf d'ARI duerch säin 18. Direkter, de Professer August Kopff, vu Berlin-Dahlem op Heidelberg verluecht. D'Institut gëtt oder huet ënner anerem dës Publikatiounen erausginn:
- all Joer Apparent Places (héichpräezis virausberechent Stäreplaze fir 3000 Stäre fir all Dag)
- all Joer Astronomische Grundlagen für den Kalender an Däitschland
- déi fundamental Stärekatalogen FK5 an FK6
- d'Referatorgan Astronomy and Astrophysics Abstracts (1969 - 2000), fréier: Astronomischer Jahresbericht (1899 - 1968), huet am Inhalt all Theeme vun der Astronomie an der Astrophysik souwéi Relevantes aus den Nopeschfächer.
- Berliner Astronomisches Jahrbuch vu 1776 bis 1960
Doriwwer eraus schafft eng Rei vun Heidelberger Wëssenschaftler u Fuerschungsprojete vun der Astrometrie an anere Gebidder vun der Astronomie.
Um Spaweck
änneren- (de) Homepage vun der ARI
- (de) Publikatioune vun der ARI
- (de) deeglech Stäreplazen : Beispille: Stär Nr. 509 = η UMa (Grousse Won-Deichsel), Nr. 699 = α Lyr (Vega), Nr. 907 = α UMi (Polaris).
- (de) Zur Geschichte des ARI