Den August Kopff gebuer de 5. Februar 1882 zu Heidelberg a gestuerwen de 25. Abrëll 1960, och do, war en däitschen Astronom a bekannten Entdecker vu villen Asteroiden (Klengplanéiten).

August Kopff
Gebuer 5. Februar 1882
Heidelberg
Gestuerwen 25. Abrëll 1960
Heidelberg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Astronom
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie, Akademie der Wissenschaften der DDR, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Accademia Nazionale dei Lincei

Vun 1924 bis 1954 war hien Direkter vum Astronomesche Recheninstitut (ARI), am Ufank zu Berlin, an duerno zu Heidelberg.

De Prof. Dr. August Kopff hat de Kopff-Koméit entdeckt, souwéi am Zäitraum vun 1905 bis 1909 nach 66 Asteroiden, an hie war Matentdecker vun zwéi weideren Asteroiden. Zu deenen, déi hien entdeckt huet, gehéieren:

De Moundkrater Kopff gouf him zu Éiere sou genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren