Astronomy and Astrophysics Abstracts

engleschsproocheg astronomesch Fachzäitschrëft

Astronomy and Astrophysics Abstracts (AAA) war eng engleschsproocheg astronomesch Fachzäitschrëft, déi an de Joren 1969 bis 2000 publizéiert gouf.

AAA hat et sech zur Aufgab gemaach, duerch Zesummefaassunge iwwer d'wëssenschaftlech Literatur an de Beräicher Astronomie, Astrophysik a benopert Fuerschungsfelder weltwäit z'informéieren. Zil war d'Oplëschtung vun allen Originalverëffentlechunge vun dëse Gebidder.

Si hat d'Zäitschrëft Astronomischer Jahresbericht aus de Joren 1899 bis 1968 ofgeléist. AAA gouf vum Astronomesche Recheninstitut Heidelberg publizéiert a produzéiert, zanter 1988 an Zesummenaarbecht mat dem Fachinformatiounszentrum Karlsruhe an zanter 1995 mat der Institution of Electrical Engineers (IEE). AAA goufen ënner der Fiederféierung vun der Internationaler Astronomescher Unioun opbereet.

Haut ass d'Aufgab vun der AAA fir d'Erschléissung vun der Fachliteratur op Datebanke wéi d'Astrophysics Data System iwwergaangen.

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie