Gottfried Kirch

däitschen Astronom

De Gottfried Kirch (Pseudonym: Sibyll Ptolemain, Johann-Friedrich von Rosenfeld, Hipparchus) gebuer den 18. Dezember 1639 zu Guben, a gestuerwen de 25. Juli 1710 zu Berlin war Schoulmeeschter, Kalennermécher a kinneklechen Astronom zu Berlin.

Gottfried Kirch
Gebuer 18. Dezember 1639
Guben
Gestuerwen 25. Juli 1710
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Friedrich-Schiller-Universitéit
Aktivitéit Astronom
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie
Famill
Bestuet mat Maria Margaretha Kirch

Liewen a Wierk

änneren

De Gottfried Kirch gouf als Jong vun engem Schouster zu Guben gebuer. Fir d'éischt war hie Schoulmeeschter zu Langgrün an Neundorf bei Lobenstein a spéider Astronom zu Coburg, Leipzig a Guben, souwéi vu 1700 un zu Berlin. Astronomie hat hie beim Erhard Weigel zu Jena a beim Johannes Hevelius zu Danzeg geléiert. Zanter 1667 huet de Kirch Kalenner publizéiert an huet Teleskope gebaut. 1679 huet hien eng Schrauwemikrometer fir astronomesch Miessunge erfonnt.
Am leschte Véirel vum 17. Joerhonnert war de Kirch dee meeschtgeliesene Kalennermécher an huet zu de wichtegsten däitschen Astronome gehéiert. Hien entdeckt 1680 als éischten e Koméit mat engem Teleskop: Koméit C/1680 V1. 1681 entdeckt hien de Wëllinte Koup, den oppene Stärekoup M 11. 1686 ass hien no Leipzig ëmgezunn. Zesumme mam Bauer an Astronom Christoph Arnold observéiert hien de Koméit vum Joer. Am gläiche Joer huet hien de Mira-Verännerleche χ Cygni fonnt. Vill Zäit huet hie fir d'Observatioun vum Duebelstär Mira verbraucht. Hien huet weider dräi nei nei Stärebiller agefouert, de Räichsapel, dat kurfürstlecht Schwert an dat Sceptrum Brandenburgicum, déi spéider vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) net ugeholl goufen. Beim Arnold hat hie seng zweet Fra Maria Margaretha Winkelmann kennen, déi sech astronomesch Kenntnesser am Eegestudium bäibruecht hat. Bei der kollektiver Observatioun vum Koméit vu 1702 entdeckt hien de kugelfërmege Stärekoup M 5.

Hien hat laang keng fest Plaz, soudatt hie säi Liewesënnerhalt duerch Editioune vu Kalenneren huet misse verdéngen. Bei de Berechnunge gouf hie vu senger zweeter Fra a senge Kanner ënnerstëtzt. Zäitweis entwéckelt hie bis zu 13 Kalennere pro Joer, woubäi en ettlech ënner engem Pseudonym erauskoumen. Beispiller sinn de Chrëschten-, Judden- an Tierke-Kalenner, d'Zigeiner-Kalennere vun der Sibylla Ptolemaein, enger Zigeierin vun Alexandria aus Egypten, d'Astronomesch Wonner-Kalenner, d'Wahrhafteg Himmels-Boten, d'Gespenster- an Haushalt-Kalenner vum Johann Friedrich von Rosenfeld / Der Astronomiae Ergebener a vu 1700 un déi verschidden Akademie-Kalenneren als kinneklechen Astronom zu Berlin.
Eréischt a leschter Zäit huet een d'Bedeitung vum Kirch senge Kalennergeschichten fir d'Verbreedung vun der Iddi vun der Fréiopklärung an dem Pietismus a wäite Vollekskreesser erkannt. D'Funktioune vun den Almanache leien an de Beräicher Orientéierung, Informatioun, Bildung an Ënnerhalung. Dem Kirch seng Kalenneren zeechne sech doriwwer eraus duerch d'Matdeelung souwuel vun eegene wéi och vu friemen astronomeschen Observatiounsresultater aus.

Zanter 1675 hat hien d'Iddi fir d'Grënnung vun enger Astronomischen Societät in Teutschland. Si sollt al Astronomen onofhängeg vun nationaler oder reliéiser Ofstamung opstoen. No senger Iddi, sollten all Astronomen hir Observatiounen un eng zentral Plaz schécken, wou si dann niddergeschriwwe sollte ginn. - Dës Organisatioun sollt och astronomesch Observatiounen an Evenementer koordinéieren. Allerdéngs hat hie keng konkreet Schrëtt fir eng Grënnung ënnerholl.

1700 gouf hien den éischten Astronom vun der Kurfürstlech-Brandenburgescher Wëssenschaftsgesellschaft déi de Kurfürst Friedrich III. zu Berlin den 10. Mee [ 1700 gegrënnt hat. Deen ugeglidderte Berliner Observatoire, war eng Reaktioun op déi staatlech Observatoiren zu Greenwich, Paräis an St. Petersburg. Fir d'Finanzéierung vun der Akademie hat de Kurfürst hir d'„Kalennerpatent“ (e monopolaartege Privileeg fir d'Editioun vu Kalenneren) ginn. De Kirch a seng Fra hu sou mat hire Kalennerrechnungen d'Akademie finanzéiert.

No sengem Doud fiert seng Fra mat de Kalennerrechnunge virun. Säi Jong, de Christfried Kirch gouf 1716 Direkter vum Observatoire vun der Berliner Akademie. Wou nom Éischte Schlesesche Krich fir dat katholescht Schlesien Kalenner berechent hu misse ginn, hat d'Akademie dozou seng Duechter Christine (16961782) agestallt. Zanter 1700 gouf et an Däitschland zwou Kalennervarianten: An de katholesche Länner war de Gregorianesche Kalenner, an an de Protestantesche Gebidder de Verbesserte Räichskalenner, dee sech nëmmen an der Berechnung vum Ouschterdatum vun deem aneren ënnerscheet huet.

D'IAU huet de Kirch duerch de Moundkrater Kirch an den Asteroid (6841) Gottfriedkirch geéiert.

Divers Publikatiounen

änneren
  • Wunderstern am Hals des Walfisches. Leipzig 1678
  • Eilfertiger kurtzer Bericht an einen guten Freund von dem Neuen Cometen dieses 1682. Jahrs. 1682 (Digitalisat)

De Kirch hat ausserdeem a senge Kalennere, den Philosophical Transactions, den Acta Eruditorum an den Miscellanea Berolinensia publizéiert. Seng Opzeechnunge goufen net publizéiert.

Literatur

änneren
  • Klaus-Dieter Herbst: Der Societätsgedanke bei Gottfried Kirch (1639–1710), untersucht unter Einbeziehung seiner Korrespondenz und Kalender. In: Acta Historica Astronomiae, Vol. 15, 2002, ISBN 3-8171-1686-1, S. 115
  • Klaus-Dieter Herbst: Die Kalender von Gottfried Kirch. In: Acta Historica Astronomiae, Vol. 23, 2004, ISBN 3-8171-1747-7, S. 115
  • Klaus-Dieter Herbst: Die Korrespondenz des Astronomen und Kalendermachers Gottfried Kirch (1639-1710). Briefe 1689-1709. 2006 (550 Säiten).
  • Peter Aufgebauer: Die Astronomenfamilie Kirch (1639–1829). In: Die Sterne (Leipzig) 47 (1971), S. 241–247.
  • Karl-Heinz Karisch: Der Kalender-Macher. Ab der: Berliner Zeitung, 28. September 2010, S. 12.

Um Spaweck

änneren

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie