D'Stellardynamik befaasst sech mat der visueller an absolutter Beweegung vu Stären a verschiddene Stärekéip an an anere Stäresystemer, fir doraus hir Aart a weider Entwécklung ofzeleeden.

Dat Deelgebitt vun der Astronomie huet mat ville Schwieregkeeten ze schaffen, dorënner déi riseg Distanzen, d'Wierkung vu systematesche Feeler an déi géigesäiteg Beaflossung vun Honnerte bis Millioune vu schwéiere Massen.

Moossmethoden änneren

D'Grondmoossmethode kommen aus dem astronomesche Beräich, virun allem héichprezis Meridiankreesser a Passageninstrumenter), niewebäi d'Astrofotografie (haut och CCD-Sensore mat entspriechenden Auswäertinstrumenter (Mono- a Stereokomparateren), souwéi zanter den 1990er-Jore speziell Astrometriesatellitten.

Déi primär Moossresultater si sougenannt Eegebeweegunge vun de Stären an zwou Komponenten (Rektaszensioun, Deklinatioun) op der Himmelssphär. Si leie meeschtens am Beräich vun e puer 0,01" pro Joer, bei ganz noe Stären och 1-10". Multiplizéiert mat der Distanz (s.järlech Parallax) ergëtt sech déi linear Beweegung - typescherweis e puer 10 km/s. Als drëtt Komponent kënnt d'Radialvitess (a Siichtrichtung) derbäi.

Beweegungsanalys vu Stärekéip a Galaxien änneren

D'Stellardynamik ënnersicht mat geneeën Analyse besonnesch d'Raumbeweegungen, wéi sech Stärekéip a Galaxië bilden, wéi si sech entwéckelen a verginn. Si benotzt dobäi laangjäreg Moossreie mat Astrometrie, Fotoplacken a Satellitte-Scanning, deenen hir Ännerungen, d'Stärebeweegungen erginn. Den theoreetesche Modell bilt den Newton-Axiom an d'allgemeng Relativitéitstheorie.

Speziell Methode goufe fir d'Erfuerschung vu Stärenassociatioune a -Stréim entwéckelt. Sou Stäregruppe sinn zesummen entstanen a beweege sech bal parallel duerch eis Galaxis, ë. a. déi no Bieregrupp vu ronn 50 Stären, déi ronderëm laanscht eist Sonnesystem zéien. Sou Analyse sinn awer ëm zwéi kniwweleg Aflossfaktoren ze berengegen: de Sonnenapex (Beweegung a Richtung vum Stärebild Herkules) an d'lokal ënnerschiddlech Rotatioun ëm de Mëllechstroossenzentrum (ronn 200–250 km/s), déi vun der geneeër Masseverdeelung ofhängt (kuckt och astronomesch Vitessmiessung).

Computer-Simulatiounen änneren

Mam Benotze vu Groussrechner an deels och Supercomputer goufen ëmfaassend Simulatioune vun der Beweegung a Stäresystemer méiglech, déi eng sougenannt "experimentell" Stellardynamik gemaach hunn. Dobäi gi verschidde Modeller duerchgerechent a mat Observatiounsdate verglach. Sou kann och déi géigesäiteg Beaflossung vun den Himmelskierper - dat bis viru kuerzem onléisbart Méikierperproblem - rechneresch behandelt ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren