Eng Asteroidefamill ass eng Grupp vun Asteroide mat de selwechte Bunnelementer an enger mineralogescher Zesummesetzung déi sech meeschtens gläicht. Asteroidenfamillen entsti méiglecherweis duerch en Aschlag vun engem Asteroid op engem aneren Asteroid, Mound oder Planéit. Si ginn dofir och als Kollisiounsfamillje bezeechent. Bei Kraterfamillje bleiwen op engem Kollisiounspartner nëmmen een oder e puer Krateren zeréck, wärend bei normale Famillje béid Partner zerstéiert ginn an nei Asteroide bilden.

Entdeckung änneren

 
Duerstellung vun de Bunnelementer Inklinatioun versus Exzentrizitéit fir nummeréiert Asteroiden.

Asteroidefamillje ginn duerch eng grouss Heefegkeet a Bunnelement-Diagrammer vun Asteroide fonnt. Zu de Bunnelementer gehéieren d'Längt vun der grousser Hallefachs, d'Exzentrizitéit, d'Inklinatioun, d'Längt vum opsteigende Knuet an d'Argument vun der Periapsis. Bei rechnergestëtzte Methode ginn heefeg ofgeleet Bunnelementer beim Clustering benotzt fir de Fluch vun der Dimensiounalitéit z'ënnerloossen. Eng Zouuerdnung vun engem Asteroid zu enger Famill ass trotzdeem bei bal identesche Bunnelementer net sécher, well de Parameterraum och zoufälleg mat Hannergrondobjete gefëllt ass. Wann en Asteroid vun enger Famill spektroskopesch zu enger anerer Klass gehéiert, da gëtt en als Interlooper bezeechent, well d'Zougehéieregkeet zur Famill diskutéierbar ass.

Déi éischt Beschreiwung vu Famillen hat de japaneschen Astronom Kiyotsugu Hirayama am Joer 1918 gemaach. Him zu Éiere ginn déi vun him entdeckt Familljen als Hirayama-Famill bezeechent. Duerch automatesch Duerchmusterunge sinn haut iwwer honnert Asteroidefamilljen bekannt a weiderer ginn nach ugeholl.

Genesis an Entwécklung änneren

Asteroidefamilljen entstinn duerch d'Kollisioun vun engem Asteroid mat engem aneren planetare Kierper. Dobäi kënne béid Partner zerstéiert ginn oder bei engem kënnt et zu engem oder méi Aschléikrateren. Als Beispill fir dat Lescht gëllt d'Vesta-Famill ((4) Vesta) souwéi d'Famillen ëm d'Asteroiden (2) Pallas, (10) Hygiea souwéi (20) Massalia. Bei de meeschte Famille kann dogéint keen iwwerliewende gréisseren Asteroid fonnt ginn a bei dëse sinn Urspronkskierper warscheinlech komplett zerstéiert ginn. Nom Aschlag akkretéieren d'Iwwerreschter zu Rubble Piles (lëtzb. Gestengskéip) mat ënnerschiddlecher mineralogescher Zesummesetzung.

Jonk Familljen hunn en Alter vun e puer dausend Joer. Den Alter gëtt duerch eng Réckrechnung vun de Bunnelementer, déi zu engem Kollisiounspunkt féiere bestëmmt. Dat maximalt noweislecht Alter vun Asteroidenfamilljen läit bei ronn zwou Milliarde Joer. Dono féiere kleng Ännerung an de Bunnelemente zu enger Verdeelung, déi net méi vum Hannergrond ënnerscheet ka ginn. D'Ännerung vun de Bunnelemente ginn vun noen Episoden un planetare Kierper an dem YORP-Effet verursaacht.

Ghost families änneren

Als Geeschterfamille ginn Asteroidenfamille bezeechnet, déi nëmme wéineg Memberen hunn, sech nëmme schwaach aus dem Hannergrond ervirdinn an en héijen dynameschen Alter hunn. Als e Beispill gëllt eng Grupp ëm den Asteroid (918) Itha. D'Ghost families hunn dacks eng nëmme kleng Verdeelung am Duerchmiesser vun de Memberen am Géigesaz zu normale Famillen. Dëst gëtt op déi gréisstenofhängeg Wierkung vum YORP-Effet zeréckgefouert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie