Kiyotsugu Hirayama

japaneschen Astronom

De Kiyotsugu Hirayama (japanesch: 平山清次), gebuer den 13. Oktober 1874 zu Sendai a gestuerwen den 8. Abrëll 1943 war e japaneschen Astronom.

Kiyotsugu Hirayama
Gebuer 13. Oktober 1874
Gestuerwen 8. Abrëll 1943
Tokio
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Astronom

Hien ass fir seng vill Entdeckunge vun Asteroide bekannt. Hien huet och erkannt datt vill Asteroide bal déi selwecht Bunnen, Exzentrizitéiten a Schréiten hunn. Doropshin huet hien d'Theorie opgestallt, datt déi sech no enger katastrophaler Kollisioun vu groussen Asteroiden an der Vergaangenheet gebilt hunn. D'Asteroide-Familljen sinn domat säi Wierk.

De Moundkrater Hirayama ass zesummen no him an dem Shin Hirayama (1868-1945) genannt. Och een Asteroid, den Hirayama gouf him zu Éiere sou genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren