Akkretioun (Astronomie)

D'Entstoe vun engem Pulsar:
E Stär an engem Duebelstäresystem kollabéiert zu engem Neutronestär. En hëlt sech Material vu sengem Begleeder (Akkretioun). D'Matière dé afält verursaacht e vergréisserten Tempo an d'Ausschécke vun héichenergetescher Stralung. Zum Schluss ass e Pulsar entstanen, dee sech bis zu 1000-mol pro Sekonn dréit.

D'Akkretioun, (laténgesch: accretio fir "Uwuessen") ass an der Astronomie d'Bezeechnung fir e Virgank, bei deem e kosmeschen Objet duerch seng Gravitatioun resp. Gezäitekraften Matière usammelt.

ProzessÄnneren

Den Zentralobjet, deen opsammelt, heescht Akkretor oder gravitéierenden Objet. Dat sinn entweder gewéinlech Stären oder kompakt Objeten. Dozou zielen déi Wäiss Zwergen, Neutronestären, stellar a supermasseräich Schwaarz Lächer. De Matièrestroum heescht an der Akkretiounsphysik, Akkretiounsfloss.

AuswierkungenÄnneren

D'Deelercher, zum Beispill Atomer a Moleküllwolleken, Stëbs an engem Protoplanéitesystem oder Gas an engem entwéckelten Duebelstäresystem produzéieren Planéitesimalen, d'Virleefer vu Planéiten.

Bei jonken an ale Stären (z. B. bei T-Tauri-Stären oder Röntgenduebelstären) forme sech duerch den Dréiimpuls vum System dacks Akkretiounsscheiwen, déi déi observéiert physikalesch Wierkunge vu sou Objete beaflossen an zum Beispill als Erklärung fir bipolar Stréim déngen.

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie

Um SpaweckÄnneren