Den Antoine Jans, gebuer den 28. Januar 1868 zu Iechternach, gestuerwen den 10. Februar 1933 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e Keramikmoler.

Antoine Jans
Gebuer 28. Januar 1868
Gestuerwen 10. Februar 1933
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Wikidata-logo-without-paddings.svg

No puer Joer Studien am Iechternacher Kolléisch goung hie mat véierzéng Joer an d'Großherzoglich Luxemburgische Porzellanmalerei - Echternach, déi, vun de Bridder Zens aus Mettlach, an der aler Iechternacher Abteikierch bedriwwe gouf, schaffen. Duerno koum hien als Chefmoler an d'Parzeläinsfabréck Villeroy & Boch an de Rollengergronn op Siwebueren, bis zu senger Pensioun den 1. Januar 1925. Um Enn vu senger Beruffscarrière war hie bal blann.

Hien huet mat Virléift Schlässer-, Blummen- a Vigelmotiver gemoolt.

Säi lescht Wierk war d'Titelbild fir dem Michel Molitor a Léon Berchem hiert Buch Heimatsagen.

Hie war de Grousspapp vum Moler a Sculpteur Pierre Berchem.

LiteraturÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Jonghemecht - Zeitschrift für heimatliches Theater, Schrift und Volkstum, Fascicule 04, S. 148 (op Luxemburgensia)