Annie Maunder

brittesch Astronomin a Mathematikerin

D'Annie Scott Dill Maunder, geb. Russell, gebuer de 14. Abrëll 1868 zu Strabane aan der Grofschaft Tyrone an Nordirland a gestuerwen de 15. September 1947 zu London war eng nordiresch Astronomin a Mathematikerin.

Annie Maunder
Gebuer 14. Abrëll 1868
Gestuerwen 15. September 1947
London
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Wëssenschaftler
Member vun Royal Astronomical Society
Famill
Bestuet mat Edward Walter Maunder

D'Annie Russell krut 1889 e Bachelor of Arts a Mathematik um Girton College zu Cambridge. Vun 1890 bis 1895 huet s'als als „Lady Computer“ um Royal Greenwich Observatory geschafft, an zwar an der Sonnefuerschungssektioun vum Edward Walter Maunder. Nieft der Auswäertung vun de Fotoplacke bedeelegt si sech och um Nuetsobservatiounsprogramm. 1895 bestiet si hire Chef, Edward Walter Maunder, an huet hir Plaz missen opginn. Vun do u war si seng onbezuelt Assistentin. Wärend dem Éischte Weltkrich ass si mat hirem Mann als Krichsfräiwelleg zeréck an den Observatoire komm.

D'Sonn hat déi Zwee zäitliewens beschäftegt, a si hate vill wëssenschaftlech Aarbechten zesumme publizéiert. D'Annie Maunder huet awer net nëmmen hire Mann bei sengen Aarbechten ënnerstëtzt, mä si huet och selbstänneg geschafft. Alle béid ware bei fënnef Expeditioune fir Sonnendäischterten derbäi, déi d'British Astronomical Association organiséiert hat. Bei enger Däischtert 1898 an Indien koum eng Coronakamera zum Asaz déi si entworf hat.

E weidere Schwéierpunkt vun hiren Aarbechte war den Urspronk vun de Stärebiller. Si huet sech och mat astronomeschen Daten aus der Bibel beschäftegt a besonnesch mam Datéiere vun der Gebuert Christi.

Vun 1892 un war si Member vun der British Astronomical Association, déi de Walter Maunder matgegrënnt hat, a war en ettlech Joer Editeur vun den „Journals of the BAA“. Am November 1916 gouf si als eng vun den éischte Fraen an d'Royal Astronomical Society opgeholl.

No der Annie Maunder an hirem Mann Walter Maunder ass e Moundkrater Maunder genannt.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie