D'Sonnefuerschung beschäftegt sech mat de physikaleschen, cheemeschen an astronomeschen Eegenschafte vun der Sonn. Et ass ee vun de Beräicher an der Wëssenschaft, dee scho wärend der Antiquitéit méi oder wéineger exakt bedriwwe goufen.

Allgemenges änneren

Besonnesch Momenter wéi d'Sonnendäischtert hunn och haut nach e bleiwenden Androck op den Observateur a féieren op natierlech Froen zum Wiese vun der Sonn.

Schonn 450 v. Chr. beschreift den Herakleides Pontikos ee Sonnesystem, an deem e puer Planéiten ëm d'Sonn kreesen, d'Sonn awer nees ëm d'Äerd. Gebaier wéi d'Pyramiden an och Stonehenge loossen op fréier Observatioune vun der Sonn an de Stäre schléissen. D'Sonneflecken waren och schonn an der Antiquitéit bekannt, sinn an Europa awer eréischt no der Erfindung vum Teleskop richteg bemierkt ginn.

Fir d'Astrophysik ass d'Sonnefuerschung vun elementarer Bedeitung, huet een dach un hir een typesche Vertrieder vun engem Stär relativ no bei den Aen. Resultater vun der Sonnefuerschung loosse sech op bal all Stären am Universum iwwerdroen. D'Beschäftegung mat der Sonn féiert och zu Fortschrëtter op anere Gebidder vun der Physik, ë. a. der Atom- an Kärphysik, der Magneto-Hydrodynamik an der Plasmaphysik.

Dat speziellt Fuerschungsgebitt vun der Helioseismologie ënnersicht d'Eegeschwengunge vun der Sonn a gewënnt doraus Asiichten iwwer de bannenzegen Opbau vun der Sonn an d'Prozesser, déi an him oflafen.

Material änneren

D'Sonnefuerschung benotzt vill Instrumenter, déi och un d'Observatiounsbedingungen (z. B. déi enorm Stralungsintensitéit) ugepasst sinn.

Resultater änneren

Zu de Resultater vun der Sonnefuerschung, kuckt wgl. den Haaptartikel Sonn.

Praktesche Bedeitung änneren

D'praktesch Bedeitung vun der Sonnefuerschung hänkt mat der Wierkung vun der Sonn op d'Äerd zesummen:

Geschicht änneren

Zu enger Zäittafel vun der Sonnefuerschung, kuckt Zäittafel Sonnefuerschung.

Literatur änneren

  • K. O. Kiepenheuer: Die Sonne. Berlin u.a.: Springer Verl. 1982.

Um Spaweck änneren