Kierch Angelduerf
kathoulesch Kierch
D'Kierch zu Angelduerf ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ierpeldeng gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Angelduerf (2015) | ||||
Uertschaft / Plaz | Angelduerf | |||
Par | Par Dikrich Le Bon Pasteur | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Celsus | |||
Baujoer | 1701 | |||
Koordinaten | 49° 50’ 55.4’’ N 06° 07’ 38.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Celsus, deem säi Fest den 23. Februar gefeiert gëtt.
Se steet ganz am Südweste vun Angelduerf an der rue de la Sûre net wäit vun der Sauer.
Zur fréierer Par Dikrech gehéiert ausser der Filialkierch vun Angelduerf och nach d'Dekanatskierch vun Dikrech.
Chronogramm
ännerenIwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1701 duerstellt:
- PIA BEATI CELSI INTERVENTIO SVCCVRRAT
- AFFLICTIS AVXILIVM HIC PETENTIBVS
Ënner dem Chronogramm ass nieft der Joreszuel 1701 och nach d'Joreszuel 1909 uginn.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Angelduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Dikrech
- D'Fënstere vun der Kierch vun Angelduerf op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch vu Südweste gesinn
-
D'Kierch vu Südoste gesinn
-
Aganksportal mat der Statu vum Hl. Celsus uewendriwwer
-
Statu vum Hl. Celsus virun der Kierch