André Duchscher

lëtzebuergeschen Industriellen
(Virugeleet vu(n) Andréi Duchscher)

Den André Duchscher[1], gebuer de 15. Oktober 1840 zu Esch-Sauer, a gestuerwen de 17. Januar 1911 zu Wecker, war en Auteur vu Kaméidistécker an Iechternacher Mondaart an e sozialdenkenden Industriellen.

André Duchscher
Gebuer 15. Oktober 1840
Esch-Sauer
Gestuerwen 17. Januar 1911
Wecker
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Industriellen
Famill
Bestuet mat Angèle Huguet, Catherine Hosp
Kanner Maurice Duchscher, Max Duchscher

Säi Liewen

änneren

No der Primärschoul an déi den André Duchscher zu Iechternach gaangen ass, ass hie vun 1852 bis 1854 och do an d'École moyenne et industrielle gaange wou hie besonnesch am franséischen an däitschen op sech opmierksam gemaach huet. Mat e bësse méi wéi véierzéng Joer huet hien als Léierbouf am Atelier vu sengem Papp ugefaangen an huet doniewent an Owescoursen zeechne geléiert.

Mat zwanzeg Joer ass hien op Paräis gaangen an duerch seng zolitt Kenntnisser als Schlässer-Mécanicien hat hien och keng Problemer fir do eng Aarbecht ze fannen. Hien huet do noeneen a fënnef verschiddenen Ateliere geschafft an huet sech professionell weider gebilt doduerch datt hien a Konferenzen an Owescourse gaangen ass. Duerch d'Visite vun Theatervirstellunge konnt hie sech kulturell weiderbilden a seng sproochlech Fäegkeete weider entwéckelen. Hien huet do och d'Léift zur Schauspillkonscht entdeckt. Am November 1862 huet et hien nees zeréck op Iechternach gezunn.

Auteur vu Kaméidistécker

änneren
  • Vun 1862 bis 1863 huet den André Duchscher seng éischt Kaméidistécker an dräi Akte geschriwwen:
    • E Schurk,
    • d'Brandbrei’f oader d'Gelehenhät micht den De’if. Dëst Stéck koum ënner dem Pseudonym Th. Ed. Felix eraus an de Karl Hermann (alias C. M. Spoo) hat d'Musek fir déi eenzel Lidder aus dem Stéck arrangéiert.

Duerno koumen eraus:

  • 1894 De blo'e Mondig oader Wen hoat d'Box. Lostspil mat Gesank ann äm Akt. Fir d'ischt Mol opgefou'ert durch den Eechdernoacher Turnverein am Fre'ijo'er 1868. Eechdernoacher Theatersteker 3. D'Musek ass vum Laurent Menager.
    • Den Handstra'ich oader d'Bloum a'us dem Rusendhal. Lostspil mat Gesank ann äm Akt. Musék vum Carl Hermann. Eechdernoacherdäitsch Theatersteker 2
    • Den Handweerksmaan am Sträit fir d'deglich Brut. Kome'die'istek mat Gesank ann dräi Akten. Eechdernoacher Theatersteker 1
  • 1896 Rekes III, Burgermäster voan Howelek. Schauspil an dräi Akten. Eechdernoacherdäitsch Theatersteker 4
  • 1899 Franz Pinell. Drama a' fenf Akten. Eechdernoacherdäitsch Theatersteker 5
    • Franz Pinell - Drama a 'fenf Akten. Virgestallt a kommentéiert vum Claude D. Conter. - Centre national de littérature, Lëtzebuerger Bibliothéik Nr. 18, 2012. ISBN 978-2-919903-97-9
  • 1905 D'Villa Fina. Kome'die'stek an dräi Akten. Der "Union dramatique" zu Letzeburg an Dankbarkät gewidemt. D'Stek spillt zu Letzeburg 1902-1903. Eechdernoacherdäitsch Theatersteker 6
  • 1907 De Fenstermaates. Volksstek an dräi Akten. D'Stek spillt an em Dorf op d'r Sauer, am virigen Jo'erhonnert. Theatersteker an eechdernoacher Monndoart 7
  • 1908 D'n dawe Jang. Lostspill an zwin Akten. Theatersteker an eechdernoacher Monndoart 8
  • 1910 D'Martlenger. Familgenhader an dräi Akten. Theatersteker an eechdernoacher Monndoart 9

Den André Duchscher war vun 1895 u Member vun der Section Historique vum Institut Grand-Ducal a vun 1903 un och vun der Commission du Dictionnaire luxembourgeois.

Berufflech Karriär

änneren

Seng Frëndschaft mam Nicolas Steffen (alias N. S. Pierret) huet dem Duchscher a senger berufflecher Karriär weider gehollef. Duerch de Steffen, dee bei der Compagnie des chemins de fer de l'Est geschafft huet, krut den Duchscher do am Abrëll 1866 eng Plaz als Schlässer. Duerch seng gutt Ausbildung ass hie séier weider komm a gouf am November 1868 Surveillant vun de Telegrafeleitungen zu Lëtzebuerg a Spa. Dräi Joer méi spéit, am Dezember 1871 ass hien zum Contrôleur des Télégraphes avancéiert. Et gouf awer e Sträit tëschent dem Duchscher an der Kaiserliche Betriebsinspektionen deen dozou gefouert huet, datt den Duchscher am Abrëll 1873 gekënnegt huet.

 
d'Fabrick vu Wecker ëm 1880 / 1888

Den Duchscher huet scho méi laang dru geschafft fir sech selbstänneg ze maachen an hien huet 1873, zesumme mam C. M. Spoo, zu Wecker eng Fabrick fir landwirtschaftlech Maschinne gegrënnt, déi spéider Usines de Wecker. Mam Duchscher sengem Brudder Pierre hunn déi zwéin de 4. Januar 1874 d'Firma Duchscher frères et Spoo gegrënnt. Vun deem Datum un huet d'Firma och dem Pierre Duchscher säin Atelier zu Metz iwwerholl, dee spezialiséiert war op Schlässerei an elektreschen Apparaten. Vun Ufank un huet d'Eisegéisserei vu Wecker zur vollster Zeffridenheet fonctionéiert. D'Filiale vu Metz konnt awer nëmmen iwwerliewen duerch d'finanziell Hëllef vu Wecker. Si gouf dunn awer 1882 liquidéiert.

Ënner der Opsiicht vum Spoo gouf de Pierre Duchscher du Gérant vun enger neier Firma zu Esch-Uelzecht. Véier Joer méi spéit (1886) gouf déi Escher Filiale dunn awer och liquidéiert. Den André Duchscher an den C. M. Spoo hu sech 1888 getrennt: den Duchscher gouf eenzege Proprietär vun der Fabrick zu Wecker an de Spoo huet d'Ateliere vun Esch iwwerholl.

Duerch dem Duchscher seng Genialitéit hat d'Wecker Fabrick bis 1906 schonn 28 Patenter an 24 Verbesserunge fir Patenter ugemellt. Dat Patent dat de meeschte Succès hat, war d'Erfindung vun enger Uebst- an Drauwepress mat engem Differenzial-Hiewel déi déi penibel Aarbecht fir d'Uebst ze presse revolutionéiert huet.

Dem Duchscher säi sozialt Engagement

änneren

Kuerz nodeem d'Wecker Fabrick gegrënnt gouf huet e Statut den Aarbechter hir Rechter a Flichte gereegelt: ënner anerem gouf sech mat der Preventioun vun Accidenter beschäftegt, d'Aarbechtszäit war op 11 Stonnen den Dag festgeluecht, Iwwerstonne si bezuelt ginn an et war de Léierbouwe verbueden ze fëmmen. 1875 huet hien eng Aarbechterspuerkeess gegrënnt, 1885 eng Onfallassurance, 1892 eng Krankekeess an eng Handwierkerschoul; dës war obligatoresch fir d'Léierbouwen aus der Fabrick. Si kruten hei – ouni datt si eppes hu bezuele missen – zeechne, schreiwe, liesen a rechne bäi bruecht. 1898 gouf och nach eng Invalidekeess an d'Liewe geruff.

Do dernieft huet den Duchscher 1891 och nach eng Musek fir d'Personal aus senger Fabrick gegrënnt.

Nodeems den Duchscher scho vun 1886 un sengem Personal gratis Bauplazen ugebueden huet fir datt si sech do konnten e Wunnhaus bauen, goufe vun der Fabrick selwer vun 1890 un Aarbechterhaiser baue gelooss.

De Politiker André Duchscher

änneren

Vun deem Ament u wou den Duchscher sech zu Wecker néier gelooss hat, huet hie sech fir d'Gemengewiesen intresséiert. 1875 gouf hien dunn och scho President vun de Biwer Pompjeeën. Hie war vun 1886 u Conseiller am Gemengerot vu Biwer, vun 1888 u Schäffen a vun 1897 u Buergermeeschter.

Him war haaptsächlech dru geleeën déi eenzel Uertschaften an der Gemeng ze sanéieren an ze verschéineren, en neie Kierfecht zu Biwer an eng nei Waasserleitung ze bauen. Hien huet sech och ëm de Schoulsystem gekëmmert an eng nei Schoul op der Wecker-Gare geplangt.

Den André Duchscher huet sech och fir eng Omnibusverbindung tëschent Gréiwemaacher an Iechternach an eng Verbesserung vun den Zuchverbindungen agesat. Duerch säin Awierke gouf an der Post zu Wecker och en Telegrafeservice an e Büro vun der Spuerkeess opgemaach.

1899 huet den Duchscher fir d'Chamberwale kandidéiert, gouf awer net gewielt, deelweis well d'Kierch géint hie war, well hien eng Zäit laang Member an der Loge war.

Am Joer 1900 gouf den Duchscher Member vun der Handelskummer an huet vun do un eng wichteg Roll gespillt doduerch datt hien eng Hellewull Avise geschriwwen huet zu de verschiddenste wierschaftlechen a soziale Sujeten. Hie war och Member vun aneren ëffentlechen, berufflechen, philantropechen, kënschtlereschen a literareschen Associatiounen a gouf fir seng Verdéngschter ausgezeechent (kuckt hei drënner).

Seng Nokommen

änneren

Aus sengem 1. Bestietnes mam Madeleine Adelaïde (Angèle) Huguet sinn de Maurice Bernard an d'Marie ervirgaangen. Aus sengem 2. Bestietnes mam Catherine Joséphine Hosp stamen d'Marthe, d'Claire, de Maximilien (Max) an den André.

Éierungen a Gielercher

änneren

Gielercher

änneren

No him benannt

änneren

Fir un den André Duchscher a seng Verdéngschter z'erënnere sinn eng Rei Stroossen no him benannt: zu Iechternach, Sandweiler, an der Stad, zu Uewerkuer, Waasserbëlleg a Wecker.

André-Duchscher-Haus

änneren

D'André-Duchscher-Haus zu Iechternach, an deem den André Duchscher seng Kandheet a Jugendzäit verbruecht huet, gouf Ufank 2016 ofgerappt.[5]

Literatur a Quellen

änneren
  • Baden, Jeff, 2012. Neieditioun vum "Franz Pinell beim CNL. Erneierer vum Lëtzebuerger Theater. Drama a fënnef Akte vum André Duchscher. Die Warte 13|2363 vum 19. Abrëll 2012, S. 2-3.
  • Conter, Claude D., 2010. André Duchscher und seine Anfänge als Theaterautor im Echternacher Turnverein. In: Aufbrüche und Vermittlungen: Beiträge zur Luxemburger und europäischen Literatur- und Kulturgeschichte. Nouveaux horizons et médiations: Contributions à l'histoire littéraire et culturelle au Luxembourg et en Europe. Herausgegeben von Claude D. Conter & Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthetis Verlag, S.303-322.
  • Duchscher, Max: André DUCHSCHER par Max Duchscher; Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 2, 1949, S. 581-608 op der Websäit Luxemburgensia.bnl.lu
  • (de) Mannes, Gast: Duchscher, André. In: Luxemburger Autorenlexikon. Opgeruff de 27. Abrëll 2012.

Um Spaweck

änneren
Commons: André Duchscher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Um Gebuertsschäi vum André Duchscher steet den Numm als Duchscherer, mä och säi Papp Bernard huet scho mat Duchscher ënnerschriwwen: Duchscher, Max: André DUCHSCHER par Max Duchscher; Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 2, 1949, S. 582 op der Websäit Luxemburgensia.bnl.lu
  2. Memorial N° 38 vum 23 Juli 1894 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  3. (de)Lokales... viewer.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (18. Juli 1906). Gekuckt de(n) 18.02.2024.
  4. (fr)Distinctions. viewer.eluxemburgensia.lu. L'Indépendance luxembourgeoise (18. Juli 1906). Gekuckt de(n) 18.02.2024.
  5. Abriss mit Folgen op wort.lu vum 25. Februar 2016.
    Alain Muller: Duchscher-Haus wird abgerissen. Tageblatt, 13. Februar 2016.
    Jos. A. Massard: Zum Abriss des Duchscherhauses in Echternach im Februar 2016.