Nicolas Steffen-Pierret

lëtzebuergeschen Auteur

Den Nicolas Steffen-Pierret, gebuer den 29. November 1830 um Pabeierbierg an der Millebaach, a gestuerwen de 27. Oktober 1899 um Lampertsbierg, war e lëtzebuergeschen Auteur.

Nicolas Steffen-Pierret
Gebuer 29. November 1830
Gestuerwen 27. Oktober 1899
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Eigentlech heescht hien Nicolas Steffen, genee wéi säi Brudder. Fir net verwiesselt ze ginn, huet en den Numm vu senger éischter Fra Elisabeth Pierret ugeholl.

Liewen änneren

Dem N.S. Pierret säi Papp war Gäertner. Dem Nicolas huet de Gäertnerberuff awer net gefall an hien huet eng Schräinerléier gemaach. No der Léier goung hie sech fënnef Joer a Frankräich a sengem Beruff weiderbilden. Dank senger gudder Ausbildung an dem gudde Beherrsche vun der franséischer Sprooch gouf hien duerno zu Lëtzebuerg, Meeschter an den Ateliere vun de Chemins de Fer de l'Est.

A senger Fräizäit huet hie Gedichter, Lidder, Theaterstécker an Erzielungen op Lëtzebuergesch an Däitsch geschriwwen. Hie gëllt als Pionéier vun den Novellen op Lëtzebuergesch. En ettlech vu senge Stécker goufe vum Gustave Kahnt vertount.

Seng Aarbechte goufen a lëtzebuergeschen Zäitschrëften, wéi zum Beispill dem Luxemburger Landes-Kalender, ënner der Rubrik Geschichten aus der Ucht publizéiert. Duerch säi Lidd mam Text E léwe Gàscht, dem Dichter fum Feierwôn zuerkant op d'Weis vun Ons Heemecht am Luxemburger Wort vum 22. Abrëll 1873 gouf de Michel Lentz op hien opmierksam an déi zwéin hu sech mateneen ugefrënnt.

Vill vu senge Wierker dréien ëm säi Beruff oder generell ëm de Mënsch dee schafft. Wéi 1878 d'Wochenzäitschrëft Der Arbeiter erauskoum, gouf hien hire Chefredakter. Hei huet hien eng Rei vu Feuilletone publizéiert, déi hien deelweis, wéi zum Beispill d'Erzielung An der Indianergrenze, ënner dem Pseudonym L. Herbert geschriwwen huet.

Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Nom Nicolas Steffen-Pierret genannt änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nicolas Steffen-Pierret – Biller, Videoen oder Audiodateien