Spektroskopeschen Duebelstär

E spektroskopeschen Duebelstär ass e Stäresystem vun zwou Sonnen déi no beienee kreesen, an dat op opteschem Wee net ze trennen ass.

Déi zwéi Stären hu sou e klengen Ofstand, datt d'Opléisungsverméigen och mat de gréissten Teleskopen net ausreecht, fir se direkt noweisen ze kënnen. Dat ass meeschtens nëmme mat der Spektroskopie méiglech, well d'Ëmlafbeweegung vu béide Stären en Dopplereffekt produzéieren. Dee bewierkt eng periodesch Verrécklung vun der Spektrallinn, wa sech e Stär vun eis ewech beweegt, wärend sech deen aneren op eis zoubeweegt. Aus der Period vun der Verrécklung kann d'Ëmlafzäit bestëmmt ginn.

Spektroskopesch Duebelstäre gehéieren heefeg zu der Grupp vun de Risen; den éischten Duebelstär vun där Zort gouf ëm 1890 entdeckt. Et war den helle Stär Mizar am Stärebild Ursa Major, dee souguer e Véierfachsystem mat zwee Stärepuer duerstellt. Säi wäitste Begleeder Alkor, de sougenannten Aepréifer ass och e spektroskopeschen Duebelstär.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie