Lady Gaga
D'Lady Gaga, och Lady GaGa geschriwwen, gebuer den 28. Mäerz 1986 zu New York City als Stefani Joanne Angelina Germanotta, ass eng US-amerikanesch Popsängerin a Songwriterin.
Lady Gaga | |
---|---|
am Joer 2018 | |
Gebuertsnumm | Stefani Joanne Angelina Germanotta |
Gebuer |
28. Mäerz 1986 Lenox Hill Hospital |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Tisch School of the Arts, Lee Strasberg Theatre and Film Institute |
Aktivitéit | Sänger, Lidderschreiwer |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Taylor Kinney |
Papp | Joe Germanotta |
No hirer Aktivitéit als Songwriterin fir d'Pussycat Dolls huet si hiren Debutalbum The Fame am August 2008 verëffentlecht, deen op déi éischt Plaz ënner anerem a Kanada, Éisträich, Däitschland an Irland koum. Hir éischt zwou Singelen Just Dance a Poker Face goufe weltwäit Nummer-Eent-Hitten. Den Album krut spéiderhi sechs Grammy-Nominéierungen a gouf als beschten Electronic-/Dance-Album an als bescht Dance-Opnam ausgezeechent.
Ufanks 2009 ass si am Virprogramm vun den New Kids on the Block an de Pussycat Dolls opgetrueden an huet hir éischt Solotournée The Fame Ball Tour ugefaangen. Am November 2009 huet si hiren zweeten Album The Fame Monster verëffentlecht an och hir zweet Tournée, The Monster Ball Tour ugefaangen.
Monster Ball Tour
ännerenDe "Monster Ball Tour" war a ville Länner direkt no der Ukënnegung ausverkaaft. Am Ufank war se nëmme fir ee Joer geplangt, awer wéinst dem onerwaarte grousse Succès gouf decidéiert d'Tournée bis 2012 duerchzezéien.
Discographie
ännerenAlbumen
änneren- The Fame (2008)
- The Fame Monster (2009) - Live-Album
- Born This Way (2011)
- Artpop (2013)
- Cheek to Cheek (2014)
- Joanne (2016)
- Chromatica (2020)
- Harlequin (2024)
Singelen
änneren- Just Dance (feat. Colby O'Donis) - 2008
- Poker Face - 2008
- LoveGame - 2009
- Paparazzi - 2009
- Bad Romance - 2009
- Telephone (feat. Beyoncé) - 2010
- Alejandro - 2010
- Dance in the Dark - 2010
- Born this Way - 2011
- Judas - 2011
- The Edge of Glory - 2011
- You and I - 2011
- Marry the Night - 2011
- Applause - 2013
- Do What U Want (feat. R. Kelly) - 2013
- G.U.Y. - 2014
- Til It Happens to You - 2015
- Perfect Illusion - 2016
- Million Reasons - 2016
Um Spaweck
ännerenCommons: Lady Gaga – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit (en)